D’Stéphanie Krumlovsky huet e Sonndeg de Mëtteg bei den Indoor Championnater an der Coque en neien nationale Rekord am Bommstoussen bei den Dammen opgestallt. Den eegenen ale Rekord vu 14.94 Meter gouf ëm siwen Zentimeter op elo 15.01 Meter verbessert. Bei den Häre gouf et dann och en neien nationale Rekord vum Bob Bertemes, dee säin ale Rekord ëm 90 Zentimeter op elo 21.93 Meter verbessere konnt.
Op 60 Meter Hecken ass d’Victoira Rausch nei Lëtzebuerger Championne, bei den Hären ass et de François Grailet mat enger Zäit vun 8.02 Sekonnen.
De Charel Grethen ass bei den Hären iwwer 800 Meter eng Zäit vun 1:49.93 Minutte gelaf an ass domat neie Lëtzebuerger Champion. Bei den Damme gouf et hei eng Victoire vum Vera Hoffmann, dat mat enger Zäit vun 2:06.38.
Am Sprint iwwer 60 Meter konnt sech dann nach d’Patrizia van der Weken mat 7.31 Sekonne behaapten.
