Frisbee mat Golf-ReegelenNei Sportaart "Disc Golf" gëtt och zu Lëtzebuerg gespillt

Philippe Dondelinger
Beim "Disc Golf"-Golf verschmëlze souzesoen zwou Sportaarte mateneen: Frisbee schéisse mat Golf-Reegelen.
Nei Sportaart "Disc Golf"
Beim Disc Golf Golf verschmëlze souzesoen zwou Sportaarte mateneen: Frisbee schéissen mat Golf-Reegelen.

Kennt der Golf? Kennt der dann och Frisbee? Wa mer Iech elo vun Disc Golf schwätzen, wësse vill awer net ëm wat et geet.

Nom Frisbee-Prinzip muss een hei eng Scheif an e Kuerf kréien. Iwwer 222.000 Leit spille weltwäit den Ament schonn Disc Golf. De Gérard Kraus huet e Club hei zu Lëtzebuerg gegrënnt an d’Spillreegele si séier erkläert. Eng Scheif mat de mannste Schëss an e Kuerf ze kréien.

Dës Scheiwe sinn änlech wéi e Frisbee, mee e bësse méi kleng an hunn och ënnerschiddlech Gewiichter.

De Kuerf, an deen ee schéisse muss, ass speziell an och net ze iwwersinn.

Mëttlerweil ginn et dann och scho Weltmeeschterschaften am Disc Golf. Zu Lëtzebuerg fënnt een dës Kierf elo schonn op dräi Plazen: zu Diddeleng, Buerglënster an am Park Belval. Ganzer 9 Kierf huet een hei um Circuit an natierlech och eng Spill-Erklärung an der Entrée, wann een erakënnt.

Back to Top
CIM LOGO