PadelNei Trendsportaart zu Lëtzebuerg?

RTL Lëtzebuerg
Zanter 30 Joer ass de Sport bekannt. A Spuenien huet bal all Duerf en Terrain an och zu Lëtzebuerg ass "Padel" lues awer sécher am Kommen.
Nei Trendsportaart zu Lëtzebuerg?
“Padel” fënnt ëmmer méi Spiller a Fans hei zu Lëtzebuerg.

Op den éischte Bléck gesäit et aus wéi Tennis, ass awer ganz anescht. A vill méi cool soen déi, déi et spillen. An dat ginn der och zu Lëtzebuerg ëmmer méi. Wat ass esou flott un dësem dynamesche Sport? Wou kann een et spillen? A wéi séier kann een et léieren? Mir hu bei “Letz Make it Padel” op der Kockelscheier nogefrot.

Back to Top
CIM LOGO