
An engem Artikel an der renomméierter Zeitung steet geschriwwen, dass sech an de leschte Jore sou munches bei der FLF gedoen huet. Dobäi ginn eng Partie Matcher ervirgehuewen, bei deenen d’Rout Léiwe gutt Resultater erziilt hunn: Ënnert anerem den 0:0 géint Frankräich, den 1:1 géint Bulgarien an d’Victoirë géint Ungarn (2:1) a Belarus (1:0).
A puncto neie Stadion ass der “Marca” allerdéngs e Feeler ënnerlaf. An hirem Artikel steet ze liesen, dass den neie Stadion op der Cloche d’Or géing „Stade Ali Ruckert” benannt ginn.
“Además de lo que sucede sobre el terreno de juego, la Federación tiene en marcha desde finales de 2019 la construcción de un nuevo estadio para la selección. Con cuatro estrellas UEFA, el estadio Ali Ruckert sustituirá en 2021 al mítico Josy Barthel, en funcionamiento desde 1931 y que será derruido.”
Dat stëmmt net, de Stade wäert „Stade de Luxembourg” heeschen. Den Numm Stade Ali Ruckert” geet op eng Petitioun zeréck, déi am August an der Chamber als irrecevabel erkläert gouf.