Schwammen: Sette Colli zu RoumNeien nationale Rekord fir de Max Mannes iwwer 50 Meter Réck

RTL Lëtzebuerg
Mat enger Zäit vu 25 Sekonnen an 91 Honnertstel konnt de Mannes als éischte Lëtzebuerger ënnert der 26-Sekonne Grenz bleiwen.
© FLNS

Beim internationale Schwammfest “Sette Colli” zu Roum konnt de Max Mannes den 12 Joer ale Rekord vum Jean-François Schneiders ëm 21 Honnertstel vu 26 Sekonnen an 12 Honnertstel op 25 Sekonnen an 91 Honnertstel verbesseren. De jonke Lëtzebuerger war natierlech glécklech iwwer seng Leeschtung, virun allem, well hie bei der Europameeschterschaft am Mee zu Budapest nach 2 Honnertstel iwwert der nationaler Beschtleeschtung blouf.

Doriwwer eraus gouf et fir de Remi Fabiani nach eng perséinlech Beschtleeschtung ze feieren. No sengem nationale Rekord um Freideg op de 50 Meter Fräistil konnt hien op den 100 Meter Fräistil mat 51 Sekonnen a 47 Honnertstel eng nei perséinlech Beschtleeschtung feieren, wat déi gutt Lëtzebuerger Prestatioun zu Roum nach eng Kéier ënnersträicht.

Back to Top
CIM LOGO