
Wéi de Swift Hesper en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt huet, huet sech de Veräin wéinst Onstëmmegkeete vum Trainer Jérôme Henrionnet a sengem Staff David Bordus an Daniel Neyken getrennt. D’Dammenekipp gëtt vun elo u vum Dan Kontz, zesumme mam Fränz Novak a Levan Portshide trainéiert.
Am Championnat steet de Swift no 12 Spilldeeg mat 32 Punkten op der 2. Plaz, dat mat zwee Punkten hannert dem Tabelleleader Racing.