FLF-President Paul PhilippNet optimistesch, datt d'Futtball-Championnat op en Enn gespillt ka ginn

RTL Lëtzebuerg
No der Annonce vum Premier Xavier Bettel, datt bis den 31. Juli gréisser Manifestatiounen net iwwer d'Bün kënne goen, mécht sech de Paul Philipp Gedanken.

Hien ass alles anescht wéi optimistesch, fir d’Futtball-Championnat kënne fäerdeg ze spillen, dat sot den FLF-President nämlech RTL géintiwwer.

De Paul Philipp hofft och, datt d’UEFA déi nächst Woch wäert agesinn, datt d’Championnater net per Force kënnen op en Enn gespillt ginn. Bis elo war d’Meenung an den Drock vum europäesche Futtball-Verband jo strikt fir d’Saison nach fäerdeg ze spillen.

De nächsten Dënschdeg ass eng Videokonferenz mat der UEFA an en Donneschdeg kënnt den Exekutivcomité zesummen.

Den FLF-President sot am RTL-Interview och, datt déi Responsabel vun der UEFA missten Ënnerscheeder tëscht de klengen Natiounen an deenen grousse Championnater maachen, wou et em vill Tëlees-Gelder geet.

Back to Top
CIM LOGO