FuttballNeymar verlängert Kontrakt beim PSG bis 2025

RTL Lëtzebuerg
De Superstar Neymar bleift Paris Saint-Germain nach méi laang erhalen. De Brasilianer huet säi Kontrakt beim franséische Veräi laangfristeg verlängert.
© AFP (Archiv)

Aus dem Futtball ass et d’Nouvelle, datt den Neymar säi Kontrakt bei Paris Saint-Germain bis 2025 verlängert huet. Dat huet de franséische Spëtzeveräin e Samschdeg offiziell matgedeelt.

“Ech si ganz, ganz glécklech, dass ech mäi Kontrakt mat Paräis bis 2025 verlängeren”, sou den Neymar an engem Videomessage.

Den 29 Joer ale Futtballer, deen 2017 fir d’Rekordzomm vun 222 Milliounen Euro vum FC Barcelona an déi franséisch Haaptstad gewiesselt war, gouf an der Lescht ëmmer nees mat engem Retour bei d’Katalanen a Verbindung bruecht.

Back to Top
CIM LOGO