American FootballNFL-Finall tëscht Kansas City an Tampa Bay

RTL Lëtzebuerg
Am American Football heescht de Super Bowl dëst Joer Kansas City Chiefs géint Tampa Bay Buccaneers.
© AFP

D’Buccaneers, mam Star-Quarterback Tom Brady, hu sech an der Nuecht op e Méindeg 31 op 26 bei de Green Bay Packers kënnen duerchsetzen a sinn domadder Champion an der NFC-Konferenz. Vun Ufank un haten d’Bucs d’Nues fir, si konnte sech awer ni wierklech ofsetzen. An der Paus stoung et 21:10 fir d’Gäscht aus Tampa. No der Paus konnte si direkt vun engem Fumble vun de Packers profitéieren, an op 28:10 erhéijen, de gréissten Ecart, deen et an dësem Match gouf. Dono huet de Quarterback vun de Packers Aaron Rodgers de Kommando iwwerholl a konnt nach an dësem Véierel 13 Punkten op d’Board bréngen. Virdrun an dono hat d’Defense vun de Buccanneers de Rodgers gutt ënner Kontroll. Ma och d’Defense vun de Packers ass an der zweeter Hallschent méi staark ginn. Duerch permanenten Drock op den Tom Brady hu si dësen zu Feeler gezwongen, esou datt hie kuerz hannertenee dräi Interceptions gehäit huet. Ma dëst sollt fir d’Heemekipp net duergoen, fir de Match nach ze dréinen. Mat den 13 Punkten aus dem drëtte Véierel koume si zwar bäi, mä am leschte Véierel si béiden Ekippe just 3 Punkte gelongen, esou datt d’Bucs dono verdéngt ma knapp mat 31:26 géint d’Packers gewannen. D’Buccaneers hunn domadder Geschicht geschriwwen.

Deen Titel an der AFC konnte sech d’Chiefs nees sécheren duerch en 38 op 24 Succès doheem géint d’Buffalo Bills. D’Chiefs haten de Start an de Match verschlof a louchen esou um Enn vum éischte Véierel mat 0:9 hannen. Ma den zweete Véierel huet de Patrick Mahomes gewisen, wisou hien ee vun de beschte Quarterbacks an der Liga ass. 21 Punkten hunn hien a seng Offense op d’Board bruecht, dat awer och, well si eng staark Verdeedegung haten, déi just 3 Punkten zougelooss huet. Esou hate si virum Pausentéi en Avantage vun 21:12. Am drëtte Véierel konnte si deen nach ausbauen, ob 31:15. De leschte Véierel ass dann nees un d’Bills gaangen, dat awer knapp mat 9:7, esou datt d’Victoire vun den Chiefs net wierklech a Gefor geroden ass. Et war eng gutt Leeschtung vum Patrick Mahomes an dësem Match, dee just 9 vun 38 Passen net un de Mann bruecht huet, dofir fir 325 Yards an 2 Touchdowns konnt geheien. Säi Géigeniwwer Josh Allen hat dogéint net esou ee gudden Dag. Bei him koumen 20 vun 48 Passen net un, huet 2 Touchdowns an eng Interceptions gehäit an dat fir “just” 287 Yards. D’Defense vun den Chiefs hat e gudden Dag erwëscht, well se och d’Lafspill vun de Bills ënner Kontroll haten. Déi meeschte Yards ware fir den Allen, deen, wann hien a Gefor war, selwer no Vir gaangen ass. Mat 88 Yards huet hien der méi wéi duebel esou vill gemaach, wéi seng 3 Runningbacks zesummen.

D’Chiefs hunn no dëser Victoire d’Méiglechkeet, hire Super Bowl-Titel vun zejoert ze verdeedegen, Tampy Bay huet den Heem-Virdeel. D’Bucs sinn déi éischt Ekipp an der Geschicht vum Super Bowl, déi d’Chance kréien, de wichtegste Pokal am American Football doheem ze gewannen. De Super Bowl gëtt de 7. Februar an am Raymond James Stadion zu Tampa gespillt.

Back to Top
CIM LOGO