Europameeschterschaft am DressurreidenNicolas Wagner qualifizéiert sech fir d'Kür

RTL Lëtzebuerg
Gutt Resultat vum Nicolas Wagner op der Europameeschterschaft am Dressurreiden.
Den Nicolas Wagner mam Quater Back Junior bei den Olympesche Spiller zu Paräis.
Den Nicolas Wagner mam Quater Back Junior bei den Olympesche Spiller zu Paräis.
© Photo by John MACDOUGALL / AFP

Zu Crozet Frankräich kënnt hie mat sengem Päerd Quater Back Junior op déi 19. Plaz an dat mat 70.562 Prozentpunkten.

Déi 18. Bescht kënnen e Sonndeg d‘Kür reiden. Well just dräi Reider aus all Natioun un der Kür dierfen deelhuelen, réckelt den Nicolas Wagner no. Véier Däitsch Reider hate sech nämlech ënnert den 18 Beschte qualifizéiert. Fir Lëtzebuerg ass dat eng Première. Nach ni konnt sech ee Reider vun der FLSE op enger EM fir d‘Kür qualifizéieren.

Fir d‘Fie Christine Skarsoe mam Imperador dos Cedros ass eng 29. Platz (68.982 Prozentpunkten) eraus gesprongen.

Europameeschter gouf de Justin Verboomen aus der Belsch. Sëlwer ass un d‘Catherine Laudrup-Dufour gaangen a Bronze un d‘Isabelle Werth aus Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO