DëschtennisNidderkäerjeng verdeedegt Championstitel bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend war déi zweet Ronn vum Dammechampionnat am Dëschtennis, wou Nidderkäerjeng sech op en Neits zum Champion kréine konnt.
© FLTT

Nodeems si an der éischter Ronn all Match gewanne konnten, ass hinnen am Retour no zwou Victoirë géint Houwald an d’Entente Nouspelt/Éiter e Remis géint d’Damme vu Rued duergaangen.

Deemno séchert sech den DT Nidderkäerjeng den Titel virun den Damme vu Rued an dem Houwald.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO