
E Mëttwoch den Owend hu sech an der Coupe de Luxembourg de Progrès Nidderkuer, de Swift Hesper, d’US Munneref an d’UNA Stroossen den Ticket fir d'1/2-Finalle geséchert.
An engem éischter schwaachen Derby tëscht Nidderkuer an Déifferdeng hat um Enn de Progrès mat engem 2:0-Succès d’Iwwerhand. Déi éischt 45 Minutten hu sech béid Ekippen immens schwéier gedoen, fir de Ball lafen ze loossen an och virun de Goler war sou gutt wéi näischt lass. Och nom Säitewiessel hunn déi ronn 1.200 Spectateuren zu Nidderkuer weider op Héichpunkte gewaart. D’Decisioun sollt et dann awer nach bannent der regulärer Spillzäit ginn. Véier Minutte viru Schluss huet de Bah no engem gudden Zesummespill mam Jarmouni aus dem Strofraum ofgezunn an domat d’Féierung hiergestallt. De Jonathan Schmid huet da mat der leschter Aktioun vum Match ee weidere Gol dropgeluecht an d’Partie definitiv decidéiert.
Da konnt sech Hesper mat enger 2:0-Victoire géint d’Jeunesse fir déi nächst Ronn qualifizéieren. An enger ausgeglachener éischter Hallschent war d’Unzuel vun de Golchancen net all ze grouss, ma no enger gudder hallwer Stonn war de Swift no engem Corner duerch de Couturier a Féierung gaangen. No der Paus huet Hesper dann direkt ee weidere Gol dropgeluecht an domat déi Escher Ekipp kal erwëscht. Bis zum Schluss krut de Swift säi leschten Drëttel propper gehalen a séchert sech domat um Enn den Ticket fir déi nächst Ronn.
Fir Munneref gouf et dann en 2:1-Succès zu Hueschtert. D’Haushären hunn hire Géigner éischter ulafe gelooss an et selwer ëmmer nees mat Konterattacken no vir probéiert. No der Féierung duerch den Amehi huet sech de Gaascht allerdéngs dru ginn eng Äntwert ze weisen. Dëst ass och mam 1:1 am Numm vum Kumbi gelongen. Nom Säitewiessel huet Munneref de Schwong vu virun der Paus matgeholl a mam zweete Gol vum Kumbi op 2:1 erhéicht. Am weidere Spillverlaf huet Hueschtert zwar de Wee no vir gesicht, hat dobäi awer kee Succès a muss sech um Enn op ee Gol geschloe ginn.
Fir d’Yellow Boys vu Weiler geet d’Rees an der Coupe no enger 0:2-Defaite géint Stroossen net méi weider. D’Ekipp vu Weiler huet sech virun den eegene Spectateuren an den éischte 45 Minutte couragéiert gewisen an hat och déi eng oder aner gutt Chance op d’Féierung. Mat der leschter Aktioun vum éischten Duerchgang konnt den Zenadji dann awer vum Eelefmeterpunkt op 1:0 fir Stroossen stellen. An der zweeter Hallschent hat Stroossen dann eng gutt Phas, an där d’Ekipp vu Weiler net wierklech un de Ball komm ass. An der 82. Minutt huet de Gol fir den 2:0 aus Stroossener Siicht dann den Deckel drop gemaach.