BGL LigueNidderkuer ka sech géint Stroossen behaapten

RTL Lëtzebuerg
Déifferdeng klappt Hueschtert mat 3:1, Diddeleng rett sech a leschter Minutt zu engem 2:2 géint Rëmeleng.
© Val Wagner

Nodeems sech de Racing e Freideg ewell mat 1:0 géint Péiteng behaapte konnt an d’Fola nëmmen 1:1 géint Rouspert gespillt hat, war et um Sonndeg den Ofschloss vum 22.Spilldag an der héchster Lëtzebuerger Divisioun um Programm.

Stroossen - Nidderkuer 2:4

D’Haushäre vu Stroossen ware gutt an de Match gestart. Et hat nëmme bis zur 6. Minutt gedauert, éiert d’Supporter vu Stroossen sech eng éischte Kéier freeë konnten. De Runser konnt d’Onuerdnung an der Defense vu Nidderkuer kënnen ausnotzen an dat ronnt Lieder aus der Ëmdréiung am Filet ënnerbréngen. Nidderkuer war iwwer wäit Strecken net präzis genuch a sou konnt de Jager an der 32. Minutt erhéijen. No engem Fräistouss stoung de Jager genau richteg a konnt de Ball mam Kapp iwwert d’Linn drécken. Duerno koum et awer méi haart fir d’Una. De Agovic krut no enger Noutbrems um Françoise als leschte Mann déi rout Kaart. Dës Iwwerzuel konnt Nidderkuer dann och ausnotzen. No enger Pass an d’Déift stoung de Françoise richteg an hat dem Schon keng Chance gelooss. Sou goung et mat enger 2:1-Avance fir Stroossen an d’Paus.

No der Paus war et de Progrès vu Nidderkuer, deen op den Ausgläich gedréckt hat. Dëse sollt hinnen dann och nach geléngen. An der 66. Minutt war et de Karapetian, dee no enger Flank genee richteg stoung an de Ball ongehënnert iwwert d’Linn drécke konnt. An d’Gäscht wollte nach méi. Nëmme 4 Minutte méi spéit war et eng Flank an de Strofraum, déi de0 Mastrangelo onglécklech an den eegene Gol deviéiert hat, ee ganz skurrile Gol. No der rouder Kaart fir den Agovic huet Stroossen de Match an d’Féierung nach aus der Hand ginn. Kuerz viru Schluss krut de Payal nach seng zweete giel Kaart, an huet misse fréizäiteg dusche goen. Béid Formatiounen hate bis zum Schluss gekämpft, ma um Enn waren et d’Gäscht, déi déi dräi Punkte no engem spektakuläre Match mat Heem huele konnten.

© Raoul Michels

Déifferdeng - Hueschtert 3:1

D’Lokalekipp vun Déifferdeng war an der Ufanksphas déi besser Ekipp. An der 7. Minutt hat de Siebenaler et probéiert a nëmmen 2 Minutten duerno war et de Franzoni, deen de Ball vum Deruffe krut, ma den Hoffmann krut de Ball nach vun der Linn gekraazt. Hueschtert huet sech an éischter Linn op Konter verlooss, a sou sinn och si zu Geleeënheete koum. Déi beschte Chance war fir de Lavie, ma säi Versuch war nëmmen op de Potto gaangen. No enger hektescher Ufanksphas hat sech de Match duerno liicht berouegt, ma Déifferdeng konnt de Match lues a lues a seng Richtung zéien. An der 29. Minutt konnte si dann och a Féierung goen. No engem Schoss vum Garos konnt de Pleimling de Ball net festhalen, a sou war et de Vandenbroeck, deen de Ball iwwert d’Linn drécke konnt.
Déifferdeng war och no der Féierung besser am Match, dëst virun allem och well Hueschtert keng Leeschtung bruecht hat. An der 38. Minutt konnt de Garos op 2:0 erhéijen, deen de Ball mam Kapp am Filet konnt ënnerbréngen, dëst no enger staarker Pass vum Bettmer.

No der Paus huet Déifferdeng da relativ séier fir eng Virentscheedung gesuergt. An der 51. Minutt konnt den Almeida mat engem stramme Schoss op 3:0 fir déi Déifferdenger stellen. Hueschtert war näischt agefall an Déifferdeng huet an der zweeter Hallschent ee Gank méi lues gemaach, sou dass de Match zimlech verflaacht war. Hueschtert huet sech net opginn a sou war hinnen och nach ee Gol gelongen. An der 76. Minutt konnt de Serwy Jéremy mat engem Schoss aus ronn 20 Meter op 1:3 verkierzen, ma um Enn sollt et awer net méi duergoen. Soumat wënnt Déifferdeng verdéngt mat 3:1 géint Hueschtert.

RM Hamm Benfica - Jeunesse 0:2

Um Cents war vun Ufank u vill Tempo an der Partie. Béid Ekippe ware gewëllt, de Match op hier säit ze zéien. Déi éischt gutt Chancë goungen allerdéngs op de Kont vun den Escher. Virun allem den Er Rafik wollt sech verbessert presentéieren. Nodeems hien an der 6. Minutt déi éischte Chance vum Match net notze konnt, wollt hien et an der 9. Minutt besser maachen. Um Enn hat hien awer géint den Alves am Gol vun Hamm dee Kierzere gezunn. Duerno hunn déi Escher awer nogelooss, a sou hat et och bis zur 32. Minutt gedauert, éiert et eng weider Chance ze notéiere gouf. Ma dës hat et awer a sech. Den Ndiaye konnt sech am Zesummespill mam Fiorani op der lénker Säit duerchsetzen. De Natami krut de Ball an hat et mam lénke Fouss probéiert. Den Alves hat keng Chance un de Ball ze kommen a sou war et den 1:0 fir déi Escher.

Nom Säitewiessel hat Hamm sech liicht verbessert presentéiert, ma eng richteg Chance sollt net dobäi eraussprangen. An der 66. Minutt hat de Cabral den Ausgläich um Fouss leien, ma de Sommer konnt de Ball awer nach paréieren. Um Enn sollt sech d’Jeunesse awer duerchsetze kënnen. De Papadopoulos hat ee Schoss vum Natami onglécklech an den eegene Gol deviéiert, dëst an der 85. Spillminutt.
D’Jeunesse huet sech déi dräi Punkten duerno net méi huele gelooss a wënnt mat 2:0 géint Hamm.

© Gilles Carlizzi
D'Jeunesse klappt den RM Hamm Benfica
An engem relativ schwaache Match waren et déi Escher, déi um Enn d’Nues fir haten.

F91 Diddeleng - Rëmeleng 2:2

Beim Match tëscht dem Leader an dem Tabelle-Leschte waren d’Rolle virum Match ganz kloer verdeelt. Diddeleng wollt hier Avance an der Tabell ausbauen, dëst nodeems d’Fola gëschter net iwwert een 1:1 géint Rouspert erauskoum war.
An der 13. Spillminutt waren allerdéngs déi Rëmelenger, déi et eng éischte Kéier probéiert haten. Den Dragovic konnt de Ball an d’Mëtt spillen, an do stoung den Diallo ze fräi. Aus 11 Meter hat hien et probéiert, ma et war de Joubert, dee seng ganz Klass weise konnt an de Ball ofgewiert hat. Et huet ee gesinn, dass d’Gäscht net op Diddeleng gounge, fir dem Leader d’Punkten ze schenken. An der 29. Minutt dann déi grouss Iwwerraschung. No engem héije Ball an de Strofraum stoung de Lusamba genau richteg a konnt de Ball aus ronn 10 Meter am Filet ënnerbréngen.
Déi Diddelenger hu sech awer net schockéiert gewisen. Nach virun der Paus an der 40. Minutt konnte si den Ausgläich markéieren, dëst duerch den Turpel. No enger Pass vum De Sousa war et de Stiermer vun Diddeleng, deen de Ball mat engem flaache Schoss am Gol ënnerbrénge konnt.

No der Paus war et dem klore Favorit awer weiderhi net gelongen de Match däitlech ze dominéieren. Rëmeleng hat et dem Leader et schwéier gemaach, an an der 71. Minutt konnte si erëm a Féierung goen Den Ivesic hat den Diallo gesinn, dee sech aus ronn 20 Meter een Häerz geholl hat, an de Ball am Wénkel ënnerbrénge konnt. Duerno huet den F91 probéiert, de Match nach ze dréinen. Dem Ibrahimovic säi Schoss war an der 81. Minutt awer net am Gol gelant. Um Enn sollt et awer nach fir ee Punkt duergoen. De Cruz konnt de Ball no enger Flank vu riets mam Kapp am Filet ënnerbréngen. Soumat ännert sech un der Spëtzt vun der BGL-Ligue och näischt, dëst well de Jordanov an der Nospillzäit eng gutt Geleeënheet op den 3:2 net notze konnt.

© Bob Leven

Munneref - Etzella 1:0

Nodeems de Schlesser et an der 3. Minutt aus gutt 25 Meter probéiert hat, war et an der 8. Spillminutt Munneref, déi et mat enger gudder Aktioun an de Strofraum probéiert haten, ma de Grub konnt dëse Ball awer klären. An engem Match ouni vill Goalchancë war et de Benamra, deen et an der 32. Minutt nach eng Kéier probéiert hat. Säi stramme Schoss konnt de Grub allerdéngs nach aus spatzem Wénkel ofwieren. Duerno war et de Jarecki fir d’Etzella, deen zwou Geleeënheeten um Stéck leie gelooss hat, dëst awer och well den Özcan säi Gol propper hale konnt.

Nom Säitewiessel gouf d’Partie dann awer bësse méi animéiert. De Finalist vun der Coupe aus Ettelbréck huet nach zäitweis midd gewierkt, a sou waren et d’Haushären, déi markéiere konnten. De Marques hat et aus 16 Meter mat engem flaache Schoss probéiert a konnt dësen am Eck vum Gol ënnerbréngen. Der Etzella war net vill agefall. An der 84. hat de Bidon eng gutt Geleeënheet am Strofraum ma den Özcan war op sengem Posten a konnt de ball mat engem staarke Reflex ofwieren. Kuerz viru Schluss hat Munneref nach d’Chance op den 2:0 duerch de Yao an de Martins, ma um Enn sollt et beim 1:0 bleiwen.

© Eugène Thommes

Éierepromotioun

Rodange, Millebaach an Hesper sinn nach ëmmer virop.

No der Defaite géint Wormer huet Jonglënster sech vu sengem Trainer getrennt. De Johann BOURGADEL gëtt direkt ersat vum Philippe DILLMANN, assitéiert vum Jean Lou MANNON a Marc ERBETTA.

Back to Top
CIM LOGO