
De Progrès huet sech e Freideg den Owend vu sengen Trainer Cyril Serredszum a Serge Wolf getrennt, dat hat de l’essentiel gemellt.
De Fabio Marochi, President vum Progrès, huet eis dës Info e Freideg den Owend confirméiert. RTL géigeniwwer sot hien, datt de Mario Mutsch fir déi zwee lescht Matcher vun der Saison den Interim mécht. De Lëtzebuerger Rekordnationalspiller, hänkt jo um Enn vun der Saison d’Futtballschong als Spiller un den Nol, a wiesselt dann als Trainer eriwwer an d’Futtballschoul vun der FLF.
Op d‘Fro firwat een eréischt elo, zwee Deeg virum Match, d’Noutbrems gezunn hätt, sot de Marochi RTL, datt et sech bei den Trainer jo ëm Mënsche géif handelen, an et net gutt wär, am Ufank vun der Woch aus der Emotioun eraus, eng Decisioun ze huelen.
Wéi et heescht, wéilt een zu Nidderkuer virum wichtege Match vum zweetleschte Spilldag op der Jeunesse e Sonndeg, en Elektroschock ausléisen, fir awer nach op eng europäesch Plaz ze kommen. Aktuell steet d’Ekipp aus dem Stade Jos Haupert op der 5. Plaz. Dat géif net duergoen fir en Ticket fir d’Europa League Qualifikatioun ze kréien.