Europa-League-PrequalifikatiounNidderkuer trotz 1:2-Néierlag géint Cardiff een Tour weider

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war de Retourmatch an der Prequalifikatioun fir d'Europa League tëscht Nidderkuer an der Cardiff Metropolitan University.
Foto aus dem Allersmatch.
Foto aus dem Allersmatch.
© Val Wagner

Um Terrain zu Déifferdeng hat de Progrès Nidderkuer den Allersmatch vun der Prequalifikatioun fir d’Europa League mat 1:0 géint déi walisesch Ekipp Cardiff Metropolitan University FC gewonnen. Den decisive Gol hat de Mayron de Almeida an der 62. Minutt geschoss.

En Donneschdeg den Owend war de Retourmatch zu Cardiff.

De Jordan Lam huet direkt an der 2. Minutt een éischte Goal fir seng Ekipp geschoss.

An der Paus stoung et 1:0.

An der 67. Minutt huet de Rees dunn op 2:0 erhéicht.

An der 73. Minutt huet de Mayron de Almeida fir Nidderkuer markéiert.

Nidderkuer verléiert also mat 2:1, ass awer duerch den Auswäertsgol weider.

Back to Top
CIM LOGO