Internationale FuttballNo 0:1-Réckstand klappt d'Hertha d'Fortuna 3:1

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich konnt Amiens dem Olympique vu Marseille mat engem 3:1-Erfolleg de Fouss stellen.
© afp (Archiv)

Bundesliga

Hertha BSC - Fortuna Düsseldorf 3:1
0:1 Hennings (30'), 1:1 Ibisevic (37'), 2:1 Dilrosun (44'), 3:1 Darida (62')

Den Optakt vum 7. Spilldag war e Freideg den Owend mat der Partie tëscht der Hertha aus Berlin an der Fortuna aus Düsseldorf. Kuerz virun der hallwer Stonn kruten d’Gäscht verdéngt een Eelefter zougesprach. Den Hennings huet sech där Saach ugeholl a cool op 1:0 fir d’Ekipp vum Rhäin gesat. D’Äntwert vun der Aler Damm koum awer nach virum Téi: an der 37. Minutt huet den Ibisevic mat engem flotte Volley ausgeglach.

Just e puer Minutten drop ass et Berlin du gelongen, de Match komplett ze dréien. Op en neits huet d’Fortuna hanne lénks an der Ofwier eng Flank zougelooss an een Herthaner an der Mëtt iwwersinn. Dat war den Dilrosun, dee fir seng Faarwen op 2:1 gesat huet. Eng Virentscheedung am Match gouf et an der 62. Minutt, wéi de Lukebakio den Darrida zerwéiert huet, deen de Ball just nach huet misse laanscht den Düsseldofer Kipper leeën. Um Enn stoung eng verdéngte Victoire fir de Veräin aus der däitscher Haaptstad um Tableau.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

SC Amiens - Olympique Marseille 3:1
1:0 Aleesami (11'), 1:1 Benedetto (23'), 2:1 Guirassy (41'), 3:1 Mendoza (90'+1)

Fréi ass d’Heemekipp am Stade de la Licorne an den Avantage komm, wéi den Aleesami eng stramm Flank an de Strofraum an ee Gol ëmmënze konnt. OM koum knapp 10 Minutte méi spéit zeréck an de Match, ma den Ex-Kölner Guirassy huet kuerz virun der Paus mat sengem Gol deen ale Virsprong fir Amiens nees hiergestallt. An der Nospillzäit vun der 2. Hallschecht huet de Mendoza nach een dropgesat - Amiens hat domat déi 3 Punkte sécher.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO