ÄishockeyNo knapper Victoire zu Meudon ass den Tornado elo 2. an der Tabell

RTL Lëtzebuerg
Et war keen einfache Match fir d'Äishockeyekipp vun der Kockelscheier, déi grippegelot op den Auswäertsmatch gereest sinn.
© Val Wagner (Archiv)

An enger minimaler Opstellung huet Tornado missten op Meudon fueren, nodeem d’Grippewell och bei den Lëtzebuerger zougeschloen huet. Dobäi koumen och nach Verletzungen an Prüfungsstress, sou dass de Coach Christer Eriksson nëmmen 11 Feldspiller zur Verfügung hat.

Eng schwéier Aufgab also och wann den Allersmatch op der Kockelscheier konnt kloer mat 8-0 gewonnen ginn, mä dat mat komplettem Kader.

Mä mat der enormer Erfarung vum Christer Eriksson, deen och schon franséisch Nationalekipp op den olympesche Spiller gecoacht huet, esou wéi de Champion de France Mulhouse a Lyon an der League Magnus zu Top Resultater gefouert huet, konnt seng deziméiert Ekipp perfekt op den Géigner astellen.

An der Defensive hunn den erfuerenen Ex-KHL-Spiller Andrey Esipov an de Chris Maratea zesumme mat de jonken Nationalspiller Lenny Braun an Philippe Vincens näicht ubrenne gelooss a wann dann trotzdeem nach e Schoss duerchkoum, da war den Jesse Miquel do, fir säin Gol mat enger fantastescher Leschtung bis dohin propper ze halen. Awer och den Goaly vun Meudon huet trotz Dauerbeschoss vun den Lëtzebuerger Toppscorer Conor Leonard, Gregorijs Holodkovs an Antoine Thomas säin Terrain perfekt verdeedegt, soudass den éischten Drëttel mat 0-0 zu Ënn gaangen ass.

Et huet d’un bis zur 35. Minutt gedauert, bis den Adrien Maurer den 1:0 fir d’Lëtzebuerger konnt erasetzen an dat, obwuel ee mat engem Mann manner um Äis war. Esou goung et mat engem Gol Virsprong an den leschten Drëttel.

Meudon huet elo versicht, mat méi haarder Spillweis ze provozéieren, wat hinnen och deelweis gegléckt ass, soudass d’Lëtzebuerger bal den ganzen Drëttel mat engem Mann manner um Äis waren. Trotzdeem konnt den Antoine Thomas an der 51 Minutt den Tornado mat 2:0 an Féierung bréngen.

Mä d’Haushären hunn duerch hiren Import Spiller Maxim Bolutshkin den 2:1-Uschlosstreffer schéissen kënnen, esou dass et nach eng Kéier richteg spannend ginn ass.

Déi lescht zwou Minutten hunn d’Lëtzebuerger missten an Duebeler Ënnerzuel alles ginn, fir den 2:1 ze halen, wat hinnen och duerch den souveränen Jesse Miquel am Gol gelongen ass an et konnt ee mat enger weiderer Victoire déi laang Heemrees untrieden.

Den Tornado läit elo no 9 Spilldeeg mat 18 Punkten op der 2. Tabelleplaz direkt hanner Châlons mat 24 Punkten.
Nächst Woch spillt den Tornado hiren leschte Match auswäerts géint den direkten Verfolger Evry 2, éier et an déi wuelverdéngten Chrëschtpaus geet.

Fir Tornado hu gespillt:

Gol:
Jesse Miguel
Baptiste Franck

Feld:
Conor Leonard
Grigorijs Holodkovs
Antoine Thomas
Anthony Vincens
Philippe Vincens
Andrey Esipov
Adrien Maurer
Lenny Braun
Philip Dahlgren
Vesa Hirvonen
Chris Maratea

Back to Top
CIM LOGO