Futtball-FederatiounNodrosmatcher vum 1. Spilldag ginn e Mëttwoch net gespillt

RTL Lëtzebuerg
Wéi et am Schreiwes vun der FLF heescht, wëllt ee sech domadder solidaresch mat den neie Mesurë weisen, déi en Donneschdeg a Kraaft trieden.

U sech sollten e Mëttwoch den Owend an der BGL Ligue zwou Partië vum 1. Spilldag nogeholl ginn. Déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun huet e Méindeg den Owend awer an engem Schreiwes matgedeelt, datt d’Partien tëscht dem Progrès an dem Racing an dem RM Hamm Benfica an dem F91 net gespillt ginn an op e spéideren Datum verréckelt ginn. U sech hätt een d’Matcher nach kéinte spillen, well eréischt vun en Donneschdeg un déi nei Restriktiounen an der Lutte géint de Coronavirus gëllen. D’FLF wëllt sech mat dëser Decisioun solidaresch weisen.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO