Gold fir de Charel Gaspar am HéichsprongNom Bléck op d'Startlëscht "war ech mir sécher, dass do eppes dra wier"

RTL Lëtzebuerg
Sëlwer ass un de Liechtensteiner Joel Riesen och mat 2,08 Meter gaangen. Den Zypriot Loizos Chrysostomou huet mat 2,06 Meter de Podium komplettéiert.
© FLA / Facebook

Houfreg an zefridden ass de Charel Gaspar iwwer seng Goldmedail hei bei de Spiller zu Andorra. Eng gutt Leeschtung wollt den Athlet selwer ofruffen, eng Medail gewannen war seng heemlech Hoffnung. Um ieweschten Träpplek ze stoen, ass en Dram.

“Wéi ech Startlëscht gesinn hunn, war ech mir sécher, dass do haut [U.v.d.R: Dënschdeg] eppes dra wier”, sou de Medailegewënner.

De Charel Gaspar am Interview
...

Vill Trainingsstonne stiechen an dëser Medail. Mat sengen 2,08 Meter ass de Charel Gaspar an der éischter Competitioun vum Joer zefridden. De Sportsproff wëll et dës Saison awer nach besser maachen.

“D’Ambiance um Terrain war eemoleg”, sou de Lëtzebuerger en Dënschdeg den Owend spéit bei der Arrivée am Hotel. Fir hie sinn d’Spiller um sportleche Plang elo eriwwer. De Charel Gaspar wäert elo d’Kolleegen ënnerstëtze goen a sech och aner Sportaarten ukucken.

Back to Top
CIM LOGO