
De Sonndeg den Owend sinn am Grupp I nach Norwegen an Italien openee getraff. Italien hätt misse 17 Goler Differenz op Norwegen guttmaache, fir sech direkt fir d’WM ze qualifizéieren. D’Lokalekipp ass dann och gutt an de Match komm, a louch no 11 Minutten a Féierung. Nom Säitewiessel huet Norwegen e Gang erop geschrauft, an huet de Match am San Siro komplett konnten dréinen. Um Enn steet eng 4:1-Victoire fir Norwegen um Spillbou. Domat huet een an dëser WM-Qualifikatioun all Match konnte wannen a sech um Enn och verdéngt fir d’WM qualifizéieren. Italien muss domat de Gang an d’Playoffs untrieden.
Am zweete Match vum Grupp huet sech Israel doheem mat 4:1 géint Moldavien duerchgesat. Israel ass domat op der 3. Plaz an der Tabell, mat 12 Punkten.
An der Grupp K sinn d’Decisioune scho virum leschte Spilldag gefall gewiescht. England huet den WM-Ticket geléist an Albanien wäert an der Qualifikatioun untrieden. Soumatt ass et am leschte Match jsut nach em déi gelle Ananas gaangen. Albanien verléiert duerch zwee Goler vum Harry Kaner doheem mat 0:2 géint England. Three Lions hunn deemno eng optimal Qualifikatioun gespillt, huet een aus 8 Matcher 8 Victoirë gefeiert, dat bei engem Golverhältnis vun 22 zu 0. England ass déi 1. Europäesch Ekipp iwwerhaapt, déi all Match an der WM-Quali zu Null gewanne konnt. Am zweete Match huet sech Serbien mat 2:1 géint Lettland behaapt.
Frankräich hat den Ticket fir d’WM an den USA, Mexiko a Kanada scho virum leschte Spilldag am Grupp D sécher a konnt am leschte Match géint Aserbaidjan berouegt opspillen. Um Enn ka sech d’Ekipp vum Didier Deschamps am Aserbaidjan souverän 3:1 duerchsetzen. Tëscht der Ukrain an Island ass et dogéint zum Showdown em Playoffs komm. Laang et huet et no engem 0:0-Gläich ausgesinn, wat Island an d’Kaarte gespillt hätt. Mat zwee spéide Goler vum Zubkov a Hutsuliak ka sech d’Ukraine schlussendlech awer nach fir d’Playoffs qualifizéieren.
An der Grupp F ass d’Decisioun gefall. Portugal huet sech mat engem 9:1 géint Armenien als Tabellenéischte fir d’Weltmeeschterschaft 2026 an Nordamerika qualifizéiert. Och scho virum Match waren d’Chancë just nach theoreetesch, dass Cristiano Ronaldo a Co net beim gréisste Sportevent op dësem Planéit dobäi wären. D’Portugisen hunn de Match vun Ufank un dominéiert a souwuel de Bruno Fernandes wéi de Joao Neves konnten en Hattrick markéieren. Irland huet sech mat engem Gol an der leschter Minutt nach den Ticket fir d’Playoffs geséchert. Si gewannen 3:2 an Ungarn. D’Ungaren haten op déi éischt Participatioun un enger Weltmeeschterschaft zënter 1986 gehofft. Dësen Dram gouf jee zerstéiert.
Aserbaidjan - Frankräich 1:3
1:0 Dadashov (4'), 1:1 Mateta (17'), 1:2 Akliouche (30'), 1:3 Mahammadliyev (45', Eegegol)
Ukrain - Island 2:0
1:0 Zubkov (83'), 2:0 Gusulyak (90'+3)
Portugal - Armenien 9:1
1:0 Veiga (7'), 1:1 Spertsyan (18'), 2:1 Ramos (28'), 3:1 Neves (30'), 4:1 Neves (41'), 5:1 Bruno Fernandes (45'+3, Eelefmeter), 6:1 Bruno Fernandes (52'), 7:1 Bruno Fernandes (72'), 8:1 Neves (81'), 9:1 Conceiçao (90'+2)
Ungarn - Irland 2:3
1:0 Lukacs (3'), 1:1 Parrott (15', Eelefmeter), 2:1 Varga (37'), 2:2 Parrott (80'), 2:3 Parrott (90'+7)
Italien - Norwegen 1:4
1:0 Esposito (11'), 1:1 Nusa (63'), 1:2 Haaland (78'), 1:3 Haaland (80'), 1:4 Larsen J.S. (90+3')
Israel - Moldawien 4:1
1:0 Turgeman (21'), 1:1 Nicolaescu (37'), 2:1 Revivo (65'), 3:1 Peretz (85'), 4:1 Revivo (88')
Albanien - England 0:2
0.1 Kane (74'), 0:2 Kane (82')
Serbien - Lettland 2:1
0:1 Gutkovskis (12'), 1:1 Katai (49'), 2:1 Stankovic (60')