Internationale FuttballNullnummer tëscht Atlético a Real, Metz deelt mat Toulouse

RTL Lëtzebuerg
An Italien huet den Ex-Schëfflenger Miralem Pjanic bei der 2:0-Victoire vun der Juve getraff an a Spuenien huet Barcelona bei Getafe 3 Punkten agestach.
© afp (Archiv)

Spëtzefuttball uechter ganz Europa - hei den Iwwerbléck vun de Partien.

Premier League

Sheffield United - Liverpool 0:1
0:1 Wijnaldum (70')

Liverpool konnt sech an der 1. Hallschecht gutt Chancen erausspillen, ma de Ball ass awer an den éischte 45 Minutten net am Filet vun der Lokalekipp gelant. Eréischt 20 Minutte viru Schluss huet den Hollänner Wijnaldum de Score opgemaach an d’Reds domat op d’Schinn vum Erfolleg gesat. D’Ekipp vum Jürgen Klopp huet den 1:0-Virsprong dunn och iwwer d’Zäit bruecht.

Chelsea - Brighton 2:0
1:0 Jorginho (50'), 2:0 Willian (76')

No enger 1. Hallschecht ouni Goler sinn d’Blues op der Stamford Bridge eréischt an den zweete 45 Minutten a Gol-Stëmmung komm. 5 Minutten no der Paus huet de Jorginho op Eelefter getraff a ronn eng Véierelstonn viru Schluss huet de Willian d'2:0-Schlussresultat markéiert.

© afp

Tottenham - Southampton 2:1
1:0 Ndomblele (24'), 1:1 Ings (39'), 2:1 Kane (43')

Am fonkelneien Tottenham-Hotspur-Stadium zu London sinn d’Spurs op Southampton getraff. D’Lokalekipp ass duerch de Fransous Ndombele a Féierung gaangen, krut awer den 1:1 vum Ings geschoss. Virun der Paus nach huet de englesche Goalgetter Kane op 2:1 gesat - dëst war de Pausestand an och d’Schlussresultat.

© afp

Everton - ManCity 1:3
0:1 Gabriel Jesus (24'), 1:1 Calvert-Lewin (33'), 1:2 Mahrez (71'), 1:3 Sterling (84')

Den Titelverdeedeger vun zejoert hat mat dem FC Everton ee schwéiere Géigner virun der Borscht. D’Skylbues sinn awer duerch de Gabriel Jesus an den Avantage komm. An der 33. Spillminutt ass den 1:1 gefall, dat duerch de Calvert-Lewin - domat war de Match relancéiert. An der 2. Hallschecht huet d’Ekipp vum Pep Guardialo awer zwou weider Kéiere getraff an déi 3 Punkte mat op Manchester geholl.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Ligue 1

Bordeaux - PSG 0:1
0:1 Neymar (70')

No enger 1. Hallschecht ouni ee Gol, huet de franséischen Haaptstad-Veräin an den zweete 45 Minutten a Persoun vun der brasilianescher Vedette Neymar getraff.

Metz - Toulouse 2:2
1:0 Diallo (4'), 1:1 Said (86'), 2:1 Niane (90'+1), 2:2 Koulouris (90'+5)

Am Stade Saint-Symphorien ass den FC Metz mat 1:0 vum Diallo gutt an d’Partie gestart. Eréischt ganz spéit am Match koum d’Äntwert vun Toulouse. Ier den Niane fir d’Ekipp aus der Lorraine eng weider Kéier treffe konnt, hat de Said op 1:1 gesat. An der allerleschter Minutt huet de Koulouris den 2:2 markéiert an der Ekipp vun Toulouse ee Punkt gerett.

LINk op 5minutes.rtl.lu: Metz tient le coup mais perd Diallo sur blessureNice - Lille 1:1
1:0 Dolberg (13'), 1:1 Luiz Araujo (24')

Lille, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez, koum zu Nice net iwwer een 1:1-Remis eraus. De LOSC krutt an der 13. Minutt vum Dolberg den 1:0 an de Filet gesat, huet awer ronn 10 Minutte méi spéit duerch de Luiz Araujo ausgeglach. No dësem 1:1 si keng weider Goler an der Allianz Riviera gefall.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Serie A

Juventus - SPAL 2:0
1:0 Pjanic (45'), 2:0 Ronaldo (78')

D’Juve ass fir de Kont vum 6. Spilldag an der Serie A doheem géint SPAL ugetrueden. Den Ex-Schëfflenger Miralem Pjanic huet d’Bianconeri an der 45. Spillminutt a Féierung geschoss. No der Paus huet de Cristiano Ronaldo nach een drop gesat an d’Victoire fir d’Ekipp aus dem Piemont domat geséchert.

© afp

Sampdoria - Inter 1:3
0:1 Sensi (20'), 0:2 Sanchez (22'), 1:2 Jankto (55'), 1:3 Gagliardini (61')

Zu Genua war den Inter vu Mailand zu Gaascht. Fréi waren d’Nerazzurri mat engem duebele Schlag a Féierung gaangen. Fir d’Goler hunn de Sensi an de Sanchez gesuergt. 10 Minutten no der Paus konnt de Jankto op 1:2 verkierzen, ma de Gagliardini huet op der Stonn deen ale Réckstand nees hiergestallt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Getafe - Barcelona 0:2
0:1 Suarez (41'), 0:2 Junior (49')

Zu Getafe, engem Staddeel vu Madrid, war de groussen FC Barcelona op Besuch. D’Katalane sinn duerch de Suarez an den éischte 45 Minutten mat 1:0 an Avantage komm. Direkt nom Téi huet de Firpo Junior op 2:0 gesat an domat de Match entscheet.

© afp

Atlético - Real 0:0

Ee grousse Match hat sech annoncéiert, ma um Enn goufen déi ronn 68.000 Zuschauer am Wanda Metropolitano an déi sëlleche Supporter mat enger Nullnummer enttäuscht. Real Madrid hat wuel méi Ballbesëtz a Schëss a Richtung Gol vum Oblak sengem Gol. D’Madrielene konnten awer géint hir Rivalen net treffen. Och Atlético huet sech virum Gol schwéier gedoen a konnt der Partie net de Stempel opdrécken.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO