FuttballNullnummer tëscht dem Jeff Saibene senger Ekipp Ingolstadt an Unterhaching

RTL Lëtzebuerg
An der 3. däitscher Liga deelt dem Jeff Saibene seng Ekipp Ingolstadt mat Unterhaching 0:0 fir de Kont vum 10 Spilldag.
© AFP

Unterhaching bleift weider Tabellenéischten, Ingolstadt ass elo op der 8. Plaz.

An der 3. Liga huet Waldhof Mannheim mam Maurice Deville 1:1 géint Hansa Rostock gläichgespillt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet den Assist beim Mannheimer Gol gemaach.

A Schweden gewënnt de Lars Gerson a Norrköping mat 2:0 géint Falkenbergs. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten um Terrain. An der Tabell stinn se op der 5. Plaz.

A Russland huet Ufa mam Olivier Thill auswäerts 0:0 géint Rubin Kasan gespillt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf kuerz viru Schluss ausgewiesselt.

An der Ukraine gewënnt Dynamo Kiew mat 2:0 géint Dnipro-1 duerch Goler vum Verbic an Tsygankov. De Gerson Rodrigues souz déi 90 Minutten op der Bänk.

Samschdeg

Royal Excelsior Virton ass um 8. Spilldag vun der zweethéchster Divisioun an der Belscht op d’Union St.-Gilloise getraff. Mat dobäi ware vun Ufank un den Anthony Moris an Dave Turpel. De Lëtzebuerger Nationalstiermer huet seng Faarwen no 5 Minutte mat 1:0 an den Avantage bruecht. D’Äntwert vun der Heemekipp koum quasi am Géigenzuch an et goung mat engem 1:1 an d’Paus. Nom Téi huet d’Union dunn nach eng Kéier markéiet a schliisslech mat 2:1 gewonnen. Op der Bänk bei Virton souz iwwerdeems och de Kevin Malget.

Karlsruhe Stoung fir de Kont vum 8. Spilldag an der 2. Bundesliga doheem virun der Aufgab 1. FC Heidenheim. De KSC war duerch den Hofmann a Féierung gaangen, krut awer am 2. Duerchgang den 1:1-Ausgläich geschoss. Den Dirk Carlson huet de Match vun Ufank u mat gespillt an krut an der 69. Spillminutt déi giel Kaart gewisen.

D’Rout Däiwelen vum FCK sinn op een aneren däitschen Traditiounsveräin an der 3. Liga getraff, nämlech op 1860 München. De Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Flavio Becca huet auswäerts missen eng 1:3-Defaite astiechen.
Lille, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez, koum zu Nice net iwwer een 1:1-Remis eraus. De LOSC krutt an der 13. Minutt vum Dolberg den 1:0 an de Filet gesat, huet awer ronn 10 Minutte méi spéit duerch de Luiz Araujo ausgeglach. No dësem 1:1 si keng weider Goler an der Allianz Riviera gefall.

An der Ukrain ware bei der Partie Karpaty Lviv géint Kolos Kovalivka direkt zwee Lëtzebuerger am Asaz. Den Tim Hall an de Marvin Martins stoungen allebéid bei der 1:2-Defaite vun der Heemekipp déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Freideg

An der Ligue 2 a Frankräich huet Orléans mam Vincent Thill mat 2:1 zu Troyes gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung an der Startformatioun, huet an der 53. Minutt déi giel Kaart gesinn a gouf an der 83. Minutt ausgewiesselt. Fir Orléans ass et um 9. Spilldag déi 1. Victoire.

Am zypriotesche Championnat gouf et e Freideg den Owend fir Apollon Limassol mam Vahid Selimovic ee Punkt. De Lëtzebuerger, deen an der 26. Minutt Giel gewsie krut, huet mat sengem Veräin auswäerts 0:0 géint Larnaka gläichgespillt.

Back to Top
CIM LOGO