
Dës Woch soll nach eng Decisioun geholl ginn, esou heescht et vun den New York Times. D’Ekipp vu Cleveland nennt sech schonns zanter 1915 “Indians”.
Opgrond vun der staarker Kritik hat de Veräin schonns d’lescht Joer säi Maskottchen “Chief Wahoo”, eng Indianer-Karikatur, ofgeschaaft. Dëst Joer huet jo och schonn d’BFL-Ekipp vu Washington säin Numm geännert. Déi hate sech jo ëmmer “Redskins” genannt.
Den US-President Donald Trump huet iwwerdeems och op Twitter reagéiert: “Oh nee! Wat geschitt hei? Dat si keng gutt Nouvellen, och net fir ‘Indianer’.”