Um Enn konnt sech de Michael Smith mat 7:4 géint de Michael Van Gerwen duerchsetzen a sech fir déi éischte Kéier d’Weltmeeschterkroun opdoen. D’Begeeschterung fir Darts gëtt och zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss. De Sam Rickal huet sech fir eis zu Déifferdeng an engem Café ënnert d’Darts-Supporter gemëscht.
Et war eng spannend Finall a Reklamm fir de Sport. Mee net nëmmen op der Weltmeeschterschaft am “Ally Pally” gëtt Darts gespillt, mee och zu Lëtzebuerg. Am ganze Land ginn et 17 Clibb mat 27 Ekippen, déi an 3 Divisiounen an a sëllege Kompetitioune géinteneen untrieden. Gespillt gëtt virun allem samschdes.
“Do ginn da 16 Eenzel a 4 Dubbele gespillt, woubäi an enger Ekipp 4 Spiller sinn. Dat heescht, et sinn 20 Matcher am Ganzen. Mir hunn awer och 7 Ranglëschten iwwert déi ganz Saison, wou een dann ëmmer Punkte kritt an zum Schluss vun der Saison ass dee mat de meeschte Punkte Landesmeeschter. Donieft gëtt dann och nach eng Coupe de Luxembourg gespillt.”, erkläert den Tom Becker, de President vun der Lëtzebuerger Darts-Federatioun.
D’Altersmoyenne vun de Spiller, déi et dëst Joer an d’Halleffinall vun der WM gepackt hunn, ass par Rapport zu deene leschte Joren däitlech no ënne gaangen. Dat weist gläichzäiteg, wéi wichteg och eng gutt Jugendaarbecht am Darts-Sport ass. Hei zu Lëtzebuerg war dat eng Zäitchen ee Problem, dofir organiséiert d’Lëtzebuerger Darts-Federatioun vum 8. Januar u Jugendtrainingen, wou Kanner vun 12 Joer u mam Darts kënnen ufänken.
“Si brauchen 3 Feiler, méi brauche si net. D’Traininge si sonndes vun 10 bis 13 Auer zu Leideleng. Eist Zil ass et elo emol, d’Jugend esou opzebauen, fir een Nationalkader op d’Been ze stellen, fir och an d’Ausland spillen ze goen.”, seet d’Wendy Lutty-Parracho, d’Directrice en formation.
D’Weltmeeschterschaft bréngt mat sech, datt ëmmer méi Leit Loscht kréien, mam Darts unzefänken. D’Lëtzebuerger Darts-Federatioun ass frou iwwer all neie Member an huet och konkret Tipps, wéi ee sech muss uleeën, fir an engem vun de 17 Clibb kënne matzespillen.
“Am einfachsten ass et, et geet een op eisen Internetsite FLD.lu. Do fënnt een d’Lëscht mat all eise Clibb, do gesäit een dann, wou si sech befannen. Da soll een einfach d’Federatioun uschreiwen a soen, u wéi engem Club een interesséiert ass a mir stellen dann de Kontakt hier. Déi melle sech dann an et kann ee bei déi kucken goen an et gëtt een da villäicht op een Training geruff. Iwwert si kann een dann och eng Lizenz an deem Club maachen.”, esou nach den Tom Becker.
D’Begeeschterung fir den Darts wäert sécherlech och an deenen nächste Jore weider klammen an et däerf ee gespaant sinn, wéi sech den Darts-Sport zu Lëtzebuerg weider entwéckelt. Nieft dem Four Nations Cup Enn Abrëll ass d’Lëtzebuerger Darts-Nationalekipp och op der Ekippen-Weltmeeschterschaft bei den Hären an den Dammen Enn Oktober an Dänemark mat dobäi.