Schi AlpinOdermatt setzt sech am Super-G duerch, Shiffrin dominéiert Slalom

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg stoung am Schi Alpin bei den Hären de Super-G zu Bormio a bei den Dammen de Slalom zu Semmering um Programm.
© AFP

Am Super-G bei den Häre konnt sech de Marco Odermatt souverän duerchsetzen. De Schwäizer hat um Enn eng Avance vun 62 Honnertstel op den Éisträicher Vincent Kriechmayr, deen d’Descente um Mëttwoch gewonnen hat. De Podium gouf vum Loic Meillard aus der Schwäiz komplettéiert. Hien hat e Retard vun 1 Sekonn an 22 Honnertstel. Duerch dës Victoire konnt den Odermatt seng Victoire am Gesamtweltcup weider ausbauen.

Am Slalom bei den Damme feiert iwwerdeems d’Mikaela Shiffrin hir 80. Victoire am Weltcup. Domat läit si nëmmen nach 2 Victoiren hannert hirer Landsfra Lindsey Vonn, déi mat 82 Victoiren de Rekord bei den Dammen hält. En Donneschdeg koum nieft dem Mikaela Shiffrin mam Paula Moltzan eng weider US-Amerikanerin op de Podium. Déi drëtte Plaz war fir d’Lena Dürr aus Däitschland.

Back to Top
CIM LOGO