
An der Premier League a Russland konnt Ufa sech mat 4:1 géint Ural duerchsetzen. Den Olivier Thill gouf an der 54. Minutt beim Stand vun 2:1 fir seng Faarwen agewiesselt.
A Schweden war et de Lars Gerson, deen aus lëtzebuerger Sicht am Asaz war. Beim 1:1 vu Norrköping géint Malmö stoung de Lëtzebuerger iwwert déi voll Distanz um Terrain.
Waldhof Mannheim koum mam Maurice Deville, deen déi éischten Hallschent mat um Terrain stoung, koum als Leader beim Tabellen-2. vun Homburg net iwwert een 2:2 eraus.
An der Premier League 2 stoung den Enes Mahmutovic bei der 0:1 Néierlag vun der U23 vu Middlesbrough géint d’U23 vu Newcastle iwwert 90 Minutten um Terrain.
An der Regionalliga Südwest konnt de Florian Bohnert mat Pirmasens eng 1:0-Victoire géint Offenbach feieren. De Lëtzebuerger stoung an der Startopstellung.
An der amerikanescher MLS war de Maxime Chanot mat New York City am Asaz a spillt 1:1 géint Orlando. De Chanot stoung iwwert déi 90 Minutten um Terrain.
Och den Anthony Moris stoung mat Royal Excelsior Virton an der 3. belscher Divisioun um Terrain an huet de ganze Match gespillt. De Match ass mat engem 1:0 fir Virton op en Enn gaangen.
An der Ligue 2 huet den FC Metz fir de Kont vum 35. Spilldag mat 2:1 beim FC Red Star gewonnen. De Laurent Jans soutz bei der Victoire déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
3 Deeg virum leschte Spilldag stinn d’Grenats domadder als éischten Opsteiger an der Ligue 2 fest. Den Titel ass hinnen awer nach net sécher, well Stade Brest 7 Punkten hannert Metz läit.
Metz war e Freideg den Owend an der 21. Minutt duerch een Eelefmeter vum Diallo a Féierung gaangen. Kuerz virun der Paus hat de Camara op 1:1 ausgeglach. Laang huet et duerno no engem Remis ausgesinn, ma Metz wollt sech mat engem Punkt net zefridde ginn. An der 90. Minutt ass dem Nguette e weidere Gol fir d’Gäscht gegléckt, sou datt si mat 2:1 gewannen an déi nächst Saison nees an der Ligue 1 wäerte spillen.
Weider Informatiounen iwwert de Match vu Metz kënnt Dir am Artikel bei de Kollege vum 5minutes noliesen:
RTL 5minutes: Cette fois ça y’est, les Grenats sont en Ligue 1! De Christopher Martins war e Freideg den Owend och mat Troyes am Asaz. Fir de Lëtzebuerger Nationalspiller a seng Ekipp gouf et auswäerts eng knapp 1:0-Victoire géint US Orléans. An der provisorescher Tabell steet Troyes op der 3. Plaz an huet elo nach e Réckstand vu 4 Punkten op Stade Brest. Den direkten Opstig ass weiderhin nach méiglech. De Christopher Martins stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain an huet an der 71. Minutt déi giel Kaart gewise kritt.
