
Nëmmen e Mount méi spéit ass et elo de Wiessel a Serbien.
4 Matcher huet den 28 Joer ale Mëttelfeldspiller dës Saison fir de Progrès Nidderkuer gespillt. Dobäi konnt hien zwee Goler markéieren. Eréischt Ufank des Mounts huet den Olivier Thill, no 7 Joer am Ausland, ënner anerem a Russland, der Tierkei an der Ukrain, nees bei deene Giel-Schwaarzen ënnerschriwwen. Den Nidderkuerer Trainer Vivian Reydel hat de Brudder vum Sébastien a Vincent Thill zum Kapitän ernannt. Puer Woche méi spéit muss den 35 Joer ale franséischen Trainer nees ouni den Olivier Thill auskommen.
RTL-Informatiounen no wiesselt den 43-fachen Nationalspiller bei FK IMT Belgrad a Serbien. De Veräin aus der serbescher Haaptstad steet no 6 Spilldeeg mat 7 Punkten op der 8. Plaz an der Tabell.