BiathlonOlsbu Roeiseland a Peiffer séchere sech Victoire am Massestart

RTL Lëtzebuerg
Am Massestart zu Hochfilzen konnt sech den Arnd Peiffer bei den Hären an d'Marte Olsbu Roieseland bei den Dammen duerchsetzen.
© AFP (archiv)

Bei den Damme konnt sech um Enn d’Marte Olsbu Roeiseland souverän duerchsetzen nodeems d’Norwegerin beim leschte Schéissen d’Nerve behalen huet an et bei engem Feeler an der ganzer Course gelooss huet. Zweet gouf mam Tiril Eckhoff eng zweet Norwegerin mat engem Réckstand vu 14 Sekonnen. Op déi drëtt Plaz koum d’Italienerin Dorothea Wierer op ronn 27 Sekonnen.

Bei den Häre kruten d’Spectateure virun der Télé e ganz spannende Massestart ze gesinn. Nodeems den Däitschen Arnd Peiffer véier Mol all d’Scheiwe getraff huet, ass dësen zesummen mam Schwed Martin Ponsiluoma op d’Schlussronn gaangen. An der zweetleschter Kéier konnt de Peiffer taktesch clever laanscht de Ponsiluoma fueren, huet dësen op de leschte Meter dann och net méi laanscht sech gelooss a gewënnt den éischte Massestart vu senger Karriär. Op déi 3. Plaz koum den Tarjei Boe, dee sech op der leschter Ronn géint de Benedikt Doll an den Emilien Jacquelin duerchgesat huet.

Back to Top
CIM LOGO