Beijing 2022Olympescht Feier fir Wanterspiller a China brennt

RTL Lëtzebuerg
109 Deeg virun der Ouverture vun den Olympesche Wanterspiller zu Peking ass déi Olympesch Flam ugefaange ginn. D'Spiller si vum 4. bis den 20. Februar.
© AFP/ARIS MESSINIS

Déi traditionell Zeremonie am anticken Olympia war dëst Joer wéinst der Pandemie net ëffentlech, ass awer net vu Stéierunge verschount bliwwen. Wéi d’Noriichtenagence AFP mellt, hunn Demonstrante bei der Zeremonie ënnert anerem en tibetesche Fändel an e Banner mam Titel “Keng Vëlkermord Spiller” an d’Luucht gehalen. D’Manifestatioun gouf awer direkt vun den Autoritéiten ënnerbonnen.

Bei der Zeremonie dobäi waren den IOC-President Thomas Bach, déi griichesch Staatspresidentin Katerina Sakellaropoulou an eng kleng Delegatioun aus China a Griicheland souwéi dem Internationalen Olympesche Comité (IOC). D’Schauspillerin Xanthi Georgiou, déi eng Geeschtlech verkierpert, huet d’Flam géint 11.09 Auer MESZ no aler Traditioun am Tempel vun der Hera mat der Hëllef vun engem Parabolspigel ugefaangen.

Éischte Fakeldréier war de Schilaangleefer Giannis Antoniou, deen 2018 un de Spiller zu PyeongChang deelgeholl huet. Den Design vun der Fakel ass bewosst un dee vun de Summerspiller 2008 ugepasst, déi deemools och a Peking waren. Déi chinesesch Haaptstad ass déi éischt Stad an deenen d’Summer- an d’Wanterspiller waren.

D’Fakel verbréngt déi éischt Nuecht nach op der Akropolis zu Athen, éiert se en Dënschdeg no enger kuerzer Iwwerreechungszeremonie a China geflu gëtt. Traditionell leet d’Flam honnerte Kilometer a Griicheland zréck a passéiert dobäi ronn 50 Stied an archeologesch Plazen. Nodeems awer beim Fakellaaf zu Tokio 2020 sëllege Mënschen trotz Warnungen op d’Strooss gaange waren, gëtt et d’Traditioun dëst Joer net.

© AFP/ARIS MESSINIS

Op der Akropolis hu schonn e Sonndeg eng Rei tibetesch Aktiviste géint déi ëmstridde Spiller a Peking protestéiert. Dräi vun hinne goufe souguer festgeholl. An et gi weider Protester erwaart, well China beschëllegt gëtt géint Mënscherechter ze verstoussen.

Back to Top
CIM LOGO