Samschdesmoies ass de Bambësch déi Plaz, wou een d’Athlete vum CSL um Training ka begéinen. D’Sportler vum Camille Schmit komme gréisstendeels vun der Mëttelstreck an e Samschdeg de Moie stoungen nom Waarmlafen zwee Mol 10 Kéier 30 Sekonne Biergop mat enger Minutt Recuperatioun um Programm. Zil ass et och an dësem Moment, wou een nach net richteg Weess, wéi eng Kompetitioune wäerte stattfannen, awer eng gutt Form ze hunn.
Fir d’Charline Mathias ass et am Moment nach méi e rouegen Opbau. D’Summersaison, wou déi jonk Lëtzebuergerin hire Fokus dropleet, ass fir si d’Objektiv. Hei musse gutt Zäite kommen, fir datt no ville Verletzungen d’Qualifikatioun fir Tokio dran ass.
De Charel Grethen sengersäits ass schonn e bësse méi wäit a fänkt un an eng gutt Form ze kommen. D’Trainingszäite si gutt an nächst Woch steet nach ee Leeschtungstest mam LIHPS um Programm, fir um groussen Zil vun Olympia kënne festzehalen.
D’Olympianorme si fir d’Liichtathleten net evident a baséieren op engeM Punktesystem. Hei hofft de Liichtathlet op eventuell Ännerungen, fir dëst ze vereinfachen. Am Moment geet et awer drëm, weider konsequent un der Form ze schaffen.