Summerspiller zu ParäisOlympia-Team Lëtzebuerg mam Vera Hoffmann

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun den Olympesche Summerspiller zu Paräis gëtt d'Team Lëtzebuerg méi grouss.
© AFP

En Dënschdeg gouf mam Alex Kirsch annoncéiert, wie fir Lëtzebuerg an der Stroossecourse vun de Männer am Cyclissem un den Depart wäert goen. Bei den Damme war jo scho gewosst, datt de Choix op d‘Christine Majerus gefall ass.

Donieft krut een op Säite vun der internationaler Schwamm-Federatioun och d’Confirmatioun, datt de Ralph Daleiden Ciuferri iwwer 100 Meter Crawl kann dobäi sinn.

En Dënschdeg de Mëtteg koum dunn och nach d’Annonce vun der Participatioun vum Vera Hoffmann iwwer 1.500 Meter. Et ass déi éischt Participatioun fir d’Liichtathleetin.

Deemno sinn den Ament 12 Lëtzebuerger Athlete sécher zu Paräis am Asaz. D’Decisioun an der Liichtathletik fält an den nächsten Deeg, sou datt Zuel nach op maximal 15 kéint eropgoen.

PDF: D'Schreiwes mat der Annonce vun der Participatioun vum Vera Hoffmann.

Back to Top
CIM LOGO