Den COSL huet no hirer Reunioun vum Conseil d'administration eng virleefeg Delegatioun fir Paräis bekannt ginn.

Den Ament sinn 11 Plazen am Team Lëtzebuerg verginn. D’Christine Majerus ass no der Propositioun vun der FSCL vum COSL fir den Dammevëlo gemellt ginn. D’Selektioun bei den Häre feelt nach. 
Am Schwammen ass wuel keen Athlet eng A- oder B-Norm geschwommen, mee de COSL an d'FLNS maachen an dësem Fall Gebrauch vun enger "universaler" Qualifikatiounsplaz fir de Ralph Daleiden iwwer 100 Meter Crawl. Déi muss vun de World Aquatics awer nach accordéiert ginn.

An der Liichtathletik kënnen nach bis zu dräi Athleten - Charel Grethen, Charline Mathias a Ruben Querinjean - hiren Ticket fir d’franséisch Haaptstad iwwert d’Olympiaranglëscht kréien.  
 
Offiziell ware schonn de Bouschéisser Pit Klein, d’Dëschtennisspiller Ni Xia Lian, Sarah De Nutte a Luka Mladenovic, d’Sprinterin Patrizia van der Weken, de Bommstousser Bob Bertemes , d’Triathletin Jeanne Lehair an den Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger qualifizéiert. D’Olympesch Spiller gi vum 26. Juli bis den 11.August.