FLFOngewinnten Onze de Base géint de Katar

RTL Lëtzebuerg
Normalerweis ass e Frëndschaftsmatch an engems och e Preparatiounsmatch. Um Dënschdeg den Owend ass dat anescht vun 20.45 Auer u géint de Katar.

FLF/Reportage Serge Olmo

D’FLF-Selektioun huet zanter dem leschte Mëttwoch schonn 2 offiziell ganz intensiv Matcher an de Been an et ass och scho gewosst, datt den Nationaltrainer en ongewinnten Onze de Base wäert um neie Stadion oplafe loossen.

Gewosst ass schonn zanter e puer Deeg, datt de Chris Martins net wäert um Dënschdeg mat dobäi sinn.

Op de Pressekonferenz gouf annoncéiert, datt och de Gerson Rodrigues wäert feelen, donieft wäerten den Danel Sinani an de Leandro Barreiro sécher net 90 Minutten duerchspillen. De Maxime Chanot wäert och maximal eng Halbzeit um Terrain stoen.

Den Nationaltrainer Luc Holtz probéiert, en Equiliber ze fannen tëscht dem Wonsch, e gutt Resultat ze maachen doheem a munch Elementer um Terrain ze gesinn, déi manner dacks spillen.

Op der Pressekonferenz war och den Yvandro Borges vu Gladbach mat dobäi, deen e Samschdeg mat senge nëmme 17 Joer seng éischt Selektioun gefeiert hat. Hie spillt sécher. Fir hie gëtt et keen Ënnerscheed Punkto Pressioun, ob et e Frëndschaftsmatch ass oder eng offiziell Partie.

De Katar ass d’Nummer 42 am FIFA-Klassement an hat am Mäerz 1-0 géint d’FLF-Selektioun gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO