Champions LeagueOptakt vun den Allersmatcher an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
Den FC Liverpool spillt den Owend um 21 Auer doheem géint den FC Porto. Am reng engleschen Duell kritt Tottenham Hotspur et mat Manchester City ze dinn.

Déi Partie kënnt der den Owend Live bei de Kollege vum 2. RTL op der Télé suivéieren, grad ewéi am Livestream op RTL.lu an op der App.

Am direkte Verglach huet Manchester City déi 3 lescht Matcher géint Tottenham alleguerte gewonnen.
E Mëttwoch spillt dann nach Ajax géint d’Juve a ManUnited géint Barcelona.

Back to Top
CIM LOGO