
Elo gëtt dann awer op d’mannst d’Hallschent vun der Weltmeeschterschaft hannert zouenen Diere gespillt. Eigentlech war geplangt bis zu 1.000 Spectateuren an den Alexandra Palace zu London eranzeloossen, normalerweis sinn et der dräimol esou vill.
Well London awer zanter e Méindeg an déi héchst Corona-Sécherheetstuf ageuerdent ginn ass, wäert d’WM emol sécher tëscht dem 16. an dem 23. Dezember ouni Fans gespillt ginn. Fir den Optakt en Dënschdeg den Owend si Spectateuren dobäi.
Wann alles gutt geet an d’Infektiounen erofginn, wier et ënner Ëmstänn méiglech, datt een no Chrëschtdag, wann d’Situatioun nei evoluéiert gëtt, mat Spectateure spille kéint.
Wann da Spectateuren an den Ally Pally eran dierfen, sinn allerdéngs Verkleedungen a Gesang verbueden. Alkohol duerf awer verkaf ginn.
Dat grouss Spektakel vun de Fans wäert dëst Joer also ausbleiwen, ma et gesäit een dëst als grouss Chance, den eigentleche Sport méi an d’Vitrinn ze stellen.
De Peter Wright konnt sech bei der leschter WM eng éischte Kéier zum Weltmeeschter kréinen an zielt als Titelverdeedeger natierlech och dëst Joer zum Krees vun de Favoritten.
De Michael van Gerwen spillt zwar bis heihinner seng schlechtste Saison zanter 2013, ma den dräifache Weltmeeschter muss een nawell ëmmer um Ziedel hunn, wann et ëm de wichtegsten Titel vum Joer geet.
Och de Gary Andersen wäert 2020 gréisstendeels gäre vergiessen. Och fir de Flying Scotsman ass et eng ongewinnt schlecht Saison. Den zweefache Weltmeeschter hat och dacks kierperlech Problemer. Hien dierft nawell zu de Favoritte gehéieren, wann hien a Form ass.
De Glen Durrant dierf een natierlech an dëser Lëscht kengesfalls vergiessen. Den dräifache BDO-Weltmeeschter wëll bei senger zweeter WM bei der PDC ëm den Titel matspillen. Dass hien dozou an der Lag ass, huet hien dës Saison androcksvoll bewisen, wéi hien d’Premier League gewonnen huet.
“The Iceman” war schonns bei der leschter WM ee vun de grousse Favoritten op den Titel. De Waliser hat sech do dem spéidere Weltmeeschter Peter Wright awer misse geschloe ginn. De Gerwyn Price ass och dëst Joer ee vun de grousse Favoritten.
Villäicht net zu de ganz grousse Favoritte gehéiert de Rob Cross. De Weltmeeschter vun 2018 hat keng ganz gutt Saison bis heihinner, nawell ass den Englänner net ze ënnerschätzen.
Weider Spiller, déi een onbedéngt am A behale muss sinn de Michael Smith, den Nathan Aspinall, de José de Sousa, den Damon Heta, den Dimitri van den Bergh an den Dirk van Duijvenbode.
Bei der 28. Darts-WM si 96 Spiller dobäi. Déi 32 Bescht aus der Weltranglëscht hunn an der éischter Ronn e Fräilous a sinn esou schonns fir d'2. Ronn qualifizéiert.
Bei der WM gi ganzer 2,5 Millioune Pond u Präisgeld ausbezuelt, dovunner ginn ënnert anerem 500.000 Pond un de Weltmeeschter.