FuttballOptakt vun der KO-Ronn an der Champions League

Tom Hoffmann
D'Champions-League-Saison am Futtball geet vun en Dënschdeg u mat den Aachtelsfinallen an déi entscheedend Phas.
Optakt vun der KO-Ronn an der Champions League
D’Champions-League-Saison am Futtball geet vun en Dënschdeg u mat den Aachtelsfinallen an déi entscheedend Phas.

Dortmund kritt et an der Ronn vun deene beschte 16 mat Paräis ze dinn. Fir den Trainer vum PSG ass et eng speziell Partie, ëmmerhi stoung hie jo zwou Saisone laang un der Säitelinn beim BVB.
Och wann d’Generalprouf net gegléckt ass, ass dat aus der Sicht vum PSG keen Drama. An der lafender Champions-League-Saison, wat dat grousst Zil dëst Joer vum franséische Champion ass, huet Paräis nach kee Match verluer a steet an der Ligue 1 souverän un der Tabellespëtzt. Trotzdeem goufen et an der lescht vill Diskussioune ronderëm an nieft dem Terrain.

Borussia Dortmund dogéint huet sech fir de Kont vum 22. Spilldag an der Bundesliga op d’Duell mam PSG ageschoss. Mat enger souveräner Victoire huet de BVB Frankfurt mat 4:0 deklasséiert. Och wa se an dësem Match kee Gol geschoss kruten, ass de Bundesligist alles anescht wéi souverän. An der Champions League krut Dortmund a 6 Matcher 8 Goler geschoss.

Offensiv ass d’Ekipp vum Trainer Lucien Favre dofir awer immens staark. Och den Transfert vum Erling Haaland suergt fir zousätzlech Gefor. Den Norweger, dee vun RB Salzburg koum, huet schonn a 5 Bundesligamatcher 8 Goler geschoss.

Et gëtt egal wéi eng spannend Partie en Dënschdeg den Owend tëschent Dortmund a Praräis deen Dir vun 20.45 Auer un um 2. RTL suivéieren kënnt.

Hei de komplette Spillplang

Dënschdeg, den 18. Februar

Atlético Madrid - FC Liverpool

Borussia Dortmund - Paräis

D’Retourmatcher ginn den 11. Mäerz gespillt.

Mëttwoch, den 19. Februar

Atalanta Bergamo - FC Valencia

Tottenham Hotspur - RB Leipzig

D’Retourmatcher ginn den 10. Mäerz gespillt.

Dënschdeg, de 25. Februar

FC Chelsea - Bayern München

SSC Neapel - FC Barcelona

D’Retourmatcher ginn den 18. Mäerz gespillt.

Mëttwoch, de 26. Februar

Olympique Lyonnais - Juventus Turin

Real Madrid - Manchester City

D’Retourmatcher ginn de 17. Mäerz gespillt.

Champions League live op RTL

Sidd live bei der Champions League dobäi. Dënschdes a mëttwochs iwwerdroe mir ee Match live, dat op der Tëlee um 2. RTL an am Stream op RTL.lu.

Dënschdeg, den 18. Februar 2020: Borussia Dortmund géint PSG

Mëttwoch, den 19. Februar 2020: Tottenham Hotspur géint RB Leipzig

Dënschdeg, de 25. Februar 2020: FC Chelsea géint Bayern München

Mëttwoch, de 26. Februar 2020: Real Madrid géint Manchester City

Back to Top
CIM LOGO