Paul Philipp am InterviewOptakt vun der neier Champions-League-Saison

Tom Hoffmann
En Dënschdeg fänkt déi nei Champions-League-Saison un. Den Titelverdeedeger ass Manchester City.
Optakt vun der neier Champions-League-Saison
En Dënschdeg fänkt déi nei Champions-League-Saison un. Den Titelverdeedeger ass Manchester City.

D’Ekipp vum Pep Guardiola gehéiert och dëst Joer nees zum enke Favorittekrees. Allerdéngs gëtt fir d’lescht an der Gruppephas gespillt. Duerno kënnt en neie Spillsystem.

Wat fir d’nächst Joer geännert gëtt an wien nieft Manchester City nach d’Chance huet, d’Champions League ze gewannen, hu mir beim FLF-President an RTL-Expert Paul Philipp nogefrot.

Wéi gewinnt kënnt Dir d’Champions League och dës Saison nees LIVE um RTL ZWEE an am Livestream suivéieren. En Dënschdeg weise mir de Match Paräis géint Dortmund an e Mëttwoch Bayern München géint Manchester United. All déi aner Matcher ginn et am Resumé.

An der éischter Episod vun eisem neie Podcast “Nospillzäit” goufen iwwerdeems och d’Gruppe vun der Champions League ënner d’Lupp geholl.

An der éischter Episod hu mir zesumme mam Jeff Kettenmeyer d’Gruppe vun der Champions League ënner d’Lupp geholl.

Back to Top
CIM LOGO