Den Organisateur huet decidéiert, dat souwuel eng Damm wéi och e Mann de Fändel bei der Ouverture-Zeremonie soll droen. Mat den Alpin-Schifuerer Mathieu Osch a Gwyneth ten Raa sinn och zwee Athleten aus dem Grand-Duché mat dobäi.
Mir wollten een Dag virun der Ouverture wëssen, fir wien d’Editioun 2022 eventuell eng Première ass a wat déi méi exotesch Länner sinn, déi bei de Wanterspiller mat derbäi sinn. Mir loossen dobäi mol de politeschen Deel op der Säit a konzentréieren eis op de Sport. Iwwerdeens déi eng Natioune versichen, souwäit wéi méiglech uewen am Medailespigel ze landen, sinn aner Natioune frou, iwwerhaapt bei de Wanterspiller dobäi ze sinn. Wéi zum Beispill Saudi-Arabien, fir déi et eng éischt Participatioun bei Olympesche Wanterspiller ass.
De Fayik Abdi geet am Schi-Alpin un den Depart. Vun der Saudi-Arabescher Wüst an de Pekinger Schnéi.
“Ech sinn immens houfreg, fir Saudi-Arabien bei den Olympesche Wanterspiller ze vertrieden. Ech hoffen, dass dat d’Dieren opmécht fir aner Leit an der Golf-Regioun, dass si eng Wantersportaart probéieren an enges Dags och bei de Wanterspiller derbäi sinn. Et war en Challenge, well ech jo a Saudi-Arabien kee Schi fuere kann. An de Bierger bei eis fält net genuch Schnéi an duerfir hunn ech missen an d’USA an an Europa Schi fuere goen. Ech freeë mech awer schonn op d’Schizenteren, déi a Saudi-Arabien opmaachen, fir dass all d’Leit do kënnen üben.”
Een anert méi exotesch Land,wat d’Wanterspiller ugeet, ass Jamaika. Déi sinn dës Kéier souguer a 4 Kompetitioune vertrueden. De Wee dohinner war net einfach.
De Rolando Reid, deen am 4rer-Bob un den Depart geet, erkläert:
“D’Pandemie ass do, mä fir eis ginn et méi Problemer wéi dat. Mir hate finanziell Schwieregkeeten an hu missen e Wee fannen, ze iwwerliewen. Immens vill Leit hunn un d’Zil gegleeft, dass mer heiru géifen deelhuelen, fir do dat Bescht ze ginn a gutt Botschafter fir eist Land sinn.”
Trotz deene Schwiiregkeeten ass een am jamaikaneschen Team ganz zouversiichtlech:
Den Ashley Watson (4rer-Bob):
“Ech weess, dass et optimistesch ass, mä wann een un Olympesche Wanterpsiller deelhëllt, muss een ëmmer dru gleewen, eng Mediall ze gewannen. Mir hate schonn en Team viru puer Joer, dat op déi 14. Plaz komm ass. Also wier et immens, wa mer dat bescht Team vun allen Zäite wieren. Esou kënne mer déi Jonk inspiréirern, fir dass si Spaass dorunner hunn.”
1988 huet Jamaika eng éischte Kéier u Wanterspiller deelgeholl. 1992 si se déi 14. ginn.
Mir erënneren eis un de Film “Cool Runnings” aus dem Joer 93, deen eng erfonnte Geschicht vun enger jamaikanescher Participatioun un de Wanterspiller erzielt.
8 Athlete sinn dës Kéier fir Jamaika mat derbäi. Sou vill wéi nach ni. mDorënner och de Benjamin Alexander am Schi Alpin.
“Viru 5 Joer gouf ech invitéiert, fir a Kanada op engem Schi-Event als DJ opzeleeën. Ech hunn do d’Leit gesi Schi fueren an hu gemengt, dat wier einfach nëmmen iwwernatierlech. Ech hunn dunn decidéiert, dass ech dat och wéilt kënnen. Alles an allem hat ech 2016 meng éischt Schikueren, du Chrëschtdag 2017 an no 9 Deeg konnt ech scho mat de Jonge matfueren.”
Ob eng Medaill fir ee vun hinnen dobäi erauskënnt, et dierf ee gespaant sinn.