
No den 2. Duerchgäng konnt sech déi éisträichesch Ekipp déi éischte Plaz um Podium sécheren, dat mat 1078 Punkten. Däitschland koum e Samschdeg mat 1069,30 Punkten op déi 2 Positioun. De Podium komplettéiert huet Polen mat 1061,50 Punkten.
Insgesamt war et e spannend Duell tëscht den dräi Natiounen Éisträich, Däitschland a Polen, déi dann och schlussendlech d’Podiumsplazen ënnert sech ausmaache konnten.