
D’Jeunesse steet aktuell op der 4. Plaz an der BGL Ligue, dat mat elo schonns 6 Punkte Réckstand op de Leader Diddeleng. An der Wanterpaus stoung d’Ekipp vun der Grenz nach un der Spëtzt vun der Tabell. An de leschten 8 Partië konnt d’Jeunesse nëmmen eng Victoire feieren, dat um 18. Spilldag bei der 2:1-Victoire zu Rouspert. Am Ganzen hu si aus de leschten 8 Matcher nëmme 6 Punkte gesammelt.
Doropshin huet den Escher Veräin elo reagéiert a si hu sech vun hirem Trainer Marc Thomé getrennt. Den Thomé war am Mäerz 2017 bei de Rekordchampion komm. Hie soll elo ersat gi vum Sébastien Grandjean, deen eréischt viru kuerzem säi Posten als Directeur sportif zu Virton verluer huet. De Grandjean war schonns vun 2011 bis 2012 bei der Escher Jeunesse.
Nach gründlicher Analyse der Rückrunde sind wir zu der Auffassung gekommen, dass die Mannschaft neue Impulse braucht um dem aktuell anhaltenden Negativtrend entgegen wirken zu können.
Aus diesem Grund haben wir uns entschieden Sébastien Grandjean ab sofort als neuen Trainer bis Ende der Saison zu verpflichten.
Trainer Marc Thomé wird mit sofortiger Wirkung freigestellt, wir bedanken uns bei ihm und seinem Co-Trainer Denis Pfeiffer für die Zusammenarbeit. Wir wünschen ihnen alles Gute für die Zukunft.