
Den Daniil Medwedew steet no der souveräner 3-Saz-Victoire (6:4, 6:4, 6:2) géint den Hollänner Botic van de Zandschulp an der 1/8-Finall. An och de Griich Stefanos Tsitsipas steet no sengem Match géint den Fransous Benoît Paire no 6:3, 7:5, 6:7 a 6:4 am 4. Tour vun den Australian Open. E bëssen iwwerraschend ass dogéint den Andrei Rublev a 4 Sätz géint de Marin Cilic als Verléierer vum Terrain gaangen.
Bei den Damme konnte sech d’Favoritinnen um Samschdeg behaapten. Souwuel d’Iga Swiatek, d’Simona Halep wéi och d’Aryana Sabalenka stinn an den Aachtelsfinallen.
D’Naomi Osaka huet et net an d’Aachtelsfinalle gepackt. D’Japanerin gouf e Freideg am 3. Tour eliminéiert. Net méi mat dobäi ass och d’Emma Raducanu.
Hären
Kecmanovic - Monfils
Carreno Busta - Berrettini
Zverev - Shapovalov
Mannarino - Nadal
Minaur - Sinner
Fritz - Tsitsipas
Cressy - Medvedev
Cilic - Auger-Aliassime
Dammen
Pegula - Sakkari
Krejcikova - Azarenka
Keys - Badosa
Barty - Anisimova
Collins - Mertens
Halep - Cornet
Kanepi - Sabalenka
Swiatek - Cirstea