BadmintonOut fir d'Kim Schmidt an de Jérôme Paquet am 1. Tour vum Tournoi an der Coque

RTL Lëtzebuerg
Den Niveau vum Badminton-Tournoi ass eng Kategorie méi héich geklommen. Dat bedeit nach méi en héijen Niveau, méi Rankingspunkten a Präisgelder.
Badminton: Out fir d'Kim Schmidt an de Jérôme Paquet am 1. Tour vum Tournoi
Den Niveau vum Badmintons-Tournoi ass eng Kategorie méi héich geklommen. Dat bedeit nach méi en héijen Niveau, méi Rankingspunkten a Präisgelder.

Fir déi Lëtzebuergesch Top-Athlete bedeit dat méi geréng Chancen, fir en Tour weider ze kommen. D’Motivatioun leit awer net drënner, am Géigendeel. D’Kim Schmidt war Enn Mee 2023 Aachtelsfinalistin op de European Games. Vun do u koumen Hoffnungen op, fir eng eventuell Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller zu Paräis z’erreechen. Eng liicht Verletzung huet den Elan gebremst.

Am 1. Tour vum Haapttablo konnt déi jonk Spillerin keng konstant staark Leeschtung bréngen. Géint eng Spillerin aus Indien gouf et mat 16 a 6 zu 21 eng kloer Nidderlag.

Och dem Jérôme Pauquet, der Lëtzebuergescher Nummer 1 vun den Hären, huet et u Stabilitéit an der Leeschtung gefeelt. Géint den Däitsche Kian Yu stoung eng 12 a 14 zu 21 Nidderlag zum Schluss um Tablo. De Sportzaldot schléit de Wee zum Badmintonsprofi an.

Den Duo Feltes/Sinico huet e gudden éischte Saz gespillt géint eng franséisch Koppel, Nummer 112 an der Weltranglëscht. Et ass déi eenzeg Doubel-Mixte-"Paarung” zu Lëtzebuerg, dat verhënnert awer net, dass Ambitioune bestinn.

Um Samschdeg an um Sonndeg geet et da viru mat héichkarätegem Badminton an der Coque.

Back to Top
CIM LOGO