Olympesch Spiller - SprangreidenPäerd huet gebockt, Annika Schleu verpasst Gold a lant op Plaz 31

RTL Lëtzebuerg
Zu engem richtegen Reit-Drama koum et e Freideg fir déi däitsch Olympia-Reitsportlerin Annika Schleu. Hiert zougelouste Päerd huet net matgemaach.
© RTL

Am Moderne Fënnefkampf (Fechten, Schwammen, Reiden, Schéissen, Lafen) war d’Goldmedail scho quasi sécher, de Virsprong grouss genuch. Ma d’zougelouste Päerd Saint Boy soll schonn am éischte Grupp net matgespillt hunn an d’Drama huet säi Laf geholl. Och mat Annika Schleu um Réck ass de Saint Boy net duerch de Parcours gaangen.

Duerno gouf et awer och Kritik wéinst méiglecher Déierequälerei. D’Bundestrainerin Kim Raisner soll gesot hunn, “emol uerdentlech drop ze klappen”. Effektiv huet d’Schleu, déi an Tréinen opgeléist war, mat der Gert zougeschloen. D’Päerd ass zwar duerno gesprongen, huet awer och duerno nees gebockt a si goufen disqualifizéiert. Mat 0 Punkten an ass um Enn déi 31. Plaz.

Gold ass iwwerdeems un d’Brittin Kate French mat 1385 Punkte gaangen. Sëlwer war fir Litauerin Laura Asadauskaite (1370 Punkten) an op der 3. Plaz stoung d’Ungarin Sarolta Kovacs (1368 Punkten).

© RTL

Back to Top
CIM LOGO