3:0 géint LeipzigParäis steet no staarker Leeschtung an der Finall vun der Champions League

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend stoung zu Lissabon déi éischt Halleffinall vun der Champions League um Programm.
© AFP

Hei krut RB Leipzig et mat Paräis ze dinn. Vun Ufank u war et eng spektakulär Partie, wou béid Ekippe vill offensiivt Engagement gewisen hunn. No 12 Minutten ass den éischte Gol vum Match gefall, hei hat de Marquinhos de PSG mam Kapp a Féierung bruecht. Kuerz virun der Paus konnt den Di Maria aus kuerzer Distanz op 2:0 erhéijen. No der Paus konnt de Bernat per Kapp op 3:0 erhéijen. Un dësem Spillstand sollt sech dann och bis zum Schluss näischt méi änneren, esou dass de PSG verdéngt an der Finall steet.

Domat ass et déi éischte Kéier an der Geschicht vu Paris St. Germain, dass si de Sprong an d’Finall vun der Champions League packen.

E Mëttwoch geet et da weider mat der zweeter Halleffinall tëscht Olympique Lyonnais an dem FC Bayern München. Dëse Match sou wéi och d’Finall e Sonndeg den Owend kënnt Dir natierlech live um RTL Zwee an am Livestream op RTL.lu suivéieren.

De Resumé vum Match

An der Ufanksphas vun der Partie huet een direkt gesinn, dass keng vu béiden Ekippe sech an dëser Partie verstoppe wollt. Souwuel Leipzig wéi och Paräis sinn hei mat voller Vitess an de Match eragaangen an et war d’Formatioun vum Trainer Julian Nagelsmann, déi déi éischt Chance an dëser Partie haten. Den Nkunku hat hei awer een Teamkomerod ugeschoss, esou dass de Ball um Enn net geféierlech war.

An der 6. Minutt gouf et dunn déi éischt richteg gutt Chance an dësem Match an dat fir d’Ekipp vu Paräis. D’Leipziger Defense huet dem Mbappé ze vill Plaz gelooss an deen huet eng perfekt Pass an de Laf vum Neymar gespillt, deen de Ball zwar laanscht de Gulacsi kritt, ma just de Potto trëfft.

Och dono war et weiderhin ee Match, wou et vill Hin an Hier gaangen ass. Béid Formatiounen hunn hei op den 1:0 gedréckt. An dem PSG sollt dat dann an der 12. Minutt geléngen. No engem Fräistouss war et de Marquinhos, dee ganz eleng gelooss gouf an de Ball onhaltbar an de Gol käppe konnt.

Den 1:0 fir Paräis duerch de Marquinhos
No engem Fräistouss vum Neymar konnt de Marquinhos de Ball an de Gol käppen.

Nom Gol huet Leipzig eng 5 Minutte gebraucht, fir sech ze fänken. Ma déi jonk Ekipp aus Däitschland huet nach laang net opginn an huet probéiert, d’Heft an d’Hand ze huelen, dat an engem immens kierperbetounte Match.

An der 25. Minutt dunn déi bis heihinner beschte Chance fir Leipzig. Den Olmo huet de Laimer mat engem wäite Ball an d’Déift geschéckt, deen huet vun der Grondlinn de Ball zeréckgeluecht fir de Poulsen, ma deem säi Schoss goung ganz knapps laanscht de Gol.

10 Minutte méi spéit stoung et dunn awer bal 2:0, well do huet den Neymar e Fräistouss esou just op de Potto gesat. Leipzig hat elo an dëser Phas immens Problemer am Spillopbau, dat well d’Ekipp vum Trainer Thomas Tuchel de “Roude Stéieren” kaum Plaz gelooss huet.

An dass Leipzig an dëser Phas e bëssen nieft der Spuer war, dat huet sech dunn an der 42. Minutt bemierkbar gemaach. D’Defense vu Leipzig huet de Paräisser de Ball geschenkt an no enger Flank huet den Neymar de Ball mat der Hack bei den Di Maria deviéiert, deen eleng virum Gol äiskal bliwwen ass an den 2:0 markéiere konnt.

Den 2:0 fir Paräis duerch den Di Maria
Den Argentinier konnt de Ball aus kuerzer Distanz an de Gol schéissen.

2 Minutte méi spéit war et dunn esouguer nach bal den 3:0. No enger Konterattack konnt den Mbappé opleeë fir den Neymar, ma de Brasilianer huet aus kuerzer Distanz de Ball donieft gesat. Esou goung et also mat engem verdéngten 2:0-Avantage fir de PSG an d’Paus.

Déi beschten Zeenen aus der 1. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

De Julian Nagelsmann huet dann an der Paus och reagéiert an zweemol gewiesselt, ënnert anerem huet den däitsche Coach mam Patrick Schick en zweete Stiermer op den Terrain geschéckt.

Dës Ëmstellung sollt dann och nees méi Schwong an d’Spill vu Leipzig bréngen, well déi hunn an der Ufanksphas vun der zweeter Hallschent eng kleng Ugrëffswell lancéiert.

An der 56. Minutt dunn awer nees ee weidere Réckschlag. Nodeems de Mukiele op der Säit ausgerutscht ass, konnt den Di Maria fräi flanken an do stoung de Bernat ganz fräi a konnt op 3:0 stellen. Domat d’Virentscheedung an enger Phas, wou Leipzig u sech méi staark war.

Den 3:0 fir Paräis duerch de Bernat
No enger Flank vum Di Maria konnt de Spuenier de Ball an de Gol käppen.

Leipzig huet och nom drëtte Géigegol weiderhi probéiert, no vir ze spillen, ma wa si emol zum Schoss komm sinn, dann huet et nawell un der néideger Prezisioun am Schoss gefeelt. Paräis huet iwwerdeems net méi vill Risiko misse goen an huet deemno probéiert, den Avantage ze geréieren.

Leipzig ass net méi vill agefall, dat well virop d’Defense vum PSG stabil stoung. Wuel hat Leipzig elo an dëser Phas ganz vill Ballbesëtz, ma richteg Chancë si keng dobäi erauskomm. D’Ekipp aus der franséischer Haaptstad war iwwerdeems nach ëmmer no Konterattacke geféierlech.

An der Schlussphas vun der Partie gouf et op béide Säiten nach déi eng oder aner Chance, ma Gol sollt kee méi falen, esou dass Paräis um Enn verdéngt mat 3:0 géint RB Leipzig gewënnt a sech iwwer déi éischt Champions-League-Finall an der Veräinsgeschicht freeë kann.

Déi beschten Zeenen aus der 2. Hallschent
Onkommentéiert Bildmaterial.

Back to Top
CIM LOGO