
D’Patrizia van der Weken koum um Silver Meeting zu Ostrava an der Finall iwwer 60 Meter op déi staark 3. Plaz. An der Serie war si déi 60 Meter a 7 Sekonnen a 26 Honnertstel gelaf.
D’Vera Hoffmann huet en neie Rekord iwwer d'1.500 Meter opgestallt, dat mat engem Chrono vu 4 Minutten, 13 Sekonnen an 88 Honnertstel.