No nationalen Indoor-RekorderPatrizia van der Weken a Victoria Rausch hunn d'EM am Mäerz am Viséier

RTL Lëtzebuerg
Leschte Weekend haten d'Lëtzebuerger Sportlerinnen am Kader vum Regio-Meet 3 am Gymnase een neien nationalen Indoor-Rekord opgestallt.
Patrizia van der Weken a Victoria Rausch am Portrait
Leschte Weekend haten d’Lëtzebuerger Sportlerinnen am Kader vum Regio-Meet 3 am Gymnase vun der Coque een neien nationalen Indoor-Rekord opgestallt.

D’Patrizia van der Weken an d’Victoria Rausch hunn e puer Saache gemeinsam. Allebéid si séier, hunn de leschte Weekend en nationalen Indoorsrekord opgestallt an hunn d’Indoor-Europameeschterschaft ugangs Mäerz am Viséier. An hei fänken d’Ënnerscheeder un. D’Patrizia huet sech schonn iwwert d’Zäit qualifizéiert an d’Victoria wäert probéieren, dëst iwwert de Ranking z’erreechen.

E Sonndeg 22. Januar steet mam CMCM Indoor Meeting an der Coque den éischte Label-Meeting um Programm. An do well och de François Grailet Punkte sammelen, fir sech fir d’Europameeschterschaft zu Istanbul ze qualifizéieren.

D’Patrizia van der Weken kann dem CMCM Indoor Meeting méi entspaant entgéintkucken, well keen Drock duerch d’Juegd op Ranking-Punkten besteet.

Et dierf een deemno gespaant sinn, wéi et um nächsten Indoor Meeting an der Coque ausgeet.

Back to Top
CIM LOGO