Interview no der éischter Plaz zu MadridPatrizia van der Weken: "Sinn op der europäescher Lëscht relativ vir mat bäi"
D’Patrizia van der Weken gouf beim World Indoor Tour Gold zu Madrid iwwer 60 Meter dat éischt. Dat mat engem exzellente Chrono vu 7,09 Sekonnen.
No der éischter Plaz zu Madrid
Patrizia van der Weken: Gewisen, dass ech op engem gudde Wee sinn fir d’Halen-EM
D’Patrizia van der Weken schwieft op enger Wollek. Viru Madrid, hat d’Sportlerin vum Joer déi 4 Coursë gewonnen, un deene si wärend der Indoorssaison deelgeholl hat.
D'Patrizia van der Weken doriwwer, wat si nach ka besser maachen
“Ech kann iwwerall nach e bëssen, bësse besser maachen”
E Freideg Owend, koum nach eng Victoire zu Madrid um Gold Meeting, derbäi. No 7 Sekonnen an 9 Honnertstel hat d’Studenteweltmeeschterin, déi 60 Meter zréckgeluecht. Mat dëser Victoire gewënnt d’Patrizia an der Weken och nach de Circuit World indoor Tour.
Hiren Trainer, den Arnaud Stark ass jiddwerfals zefridde mat der Leeschtung vu senger Athletin.
Der Patrizia van der Weken hiren Trainer iwwert déi éischt Plaz zu Madrid
Et kéint een zefridde sinn, sou den Arnaud Stark. Dat esouwuel mat der Zäit, ewéi och mat der Zäit.
Op der Indoorseuropameeschterschft zu Apeldoorn an Holland an enger Woch gehéiert déi 28 Joer al Athletin deemno zum enke Favorittekrees. Eng europäesch Medail an der Kinneksdisziplin vun der Liichtathletik, do géif dach méi wéi een sech driwwer freeën.
D'Patrizia van der Weken iwwert hir éischt Plaz zu Madrid
Et hätt ee gesinn, dass si op engem gudde Wee wier, fir op der Halen-Em eng gutt Leeschtung ze bréngen, sou d’Sprinterin.