LiichtathletikPatrizia Van der Weken verbessert nationale Rekord iwwer 200 Meter

RTL Lëtzebuerg
Bei engem Meeting an der Schwäiz ass d'Lëtzebuergerin eng Zäit vun 23 Sekonnen a 94 Honnertstel gelaf.
© FLA (Archivbild)

E Samschdeg ass d’Patrizia Van der Weken een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 200 Meter gelaf. Bei engem Meeting an der Schwäiz ass de Chrono fir d’Lëtzebuergerin no 23 Sekonnen a 94 Honnertstel stoe bliwwen. Domadder ass si 2 Honnertstel ënner dem ale Rekord vum Mirjam Hess aus dem Joer 2004 bliwwen.

D’Zäit vum Patrizia Van der Weken bedeit och eng nei national meilleure Performance fir Espoiren.

Back to Top
CIM LOGO