Virschau op Champions LeaguePaul Philipp: "Liverpool spillt keen Heavy Metal Fussball méi"

Tom Hoffmann
Lues awer sécher geet d'Champions League fir munch Ekippen an déi decisive Phas. Zwou Ekippe sti ferm ënner Drock. Déi heesche PSG a Real Madrid.
Virschau op d'Champions League
An der Kinneksklass sti virun allem de PSG a Real Madrid ënner Drock

De franséische Champion stoung lescht Joer nach an der Halleffinall. Am neie Modus vun der Champions League sti si aktuell awer just mat enger Victoire, zwee Remisen an dräi Defaiten op der 25. Plaz. Dës Placéierung géif eng direkt Eliminatioun bedeiten. Deemno gëtt den Ausfluch op München net evident.

De Paul Philipp iwwert de PSG
Den Ausfluch op München gëtt fir de franséische Champion net evident.

Dat souwisou net, well zu München an der Allianz Arena géint d’Bayern ze gewannen ass aktuell quasi onméiglech. D’Ekipp vum Vincent Kompany huet zanter dem 30. Mäerz 2024 keen Heemmatch méi verluer a krut an deene leschte sechs Partië kee Gol geschoss.

E Mëttwoch ass Liverpool, déi et op dësem Spilldag mat Real Madrid ze di kréien, de Favorit. D’Ekipp vun der Insel steet souwuel an der Premier League wéi och an der Champions League op der éischter Plaz. E Grond kéint den neien Trainer, den Arne Slot, sinn.

De Paul Philipp iwwert Liverpool
De Paul Philipp iwwert déi aktuell Form vum aktuellen engleschen Tabelleleader

De Real Madrid muss géint Liverpool op alle Fall gewanne well och si sti mam Réck zu der Mauer. An der Tabell steet den Titelverdeedeger op enger Play-Off Plaz a riskéiert bei enger weiderer Defaite op eng Eliminatiounsplaz ze rutschen. Ee Spiller wäert awer net an de Fliger klammen. De Vinicius Junior huet eng Blessur um Uewerschenkel a wäert dem Real fir e puer Matcher feelen.

De Paul Philipp iwwert Real Madrid
Déi Kinneklech mussen op de Vinicius Junior verzichten

Back to Top
CIM LOGO