
No der Recommandatioun vun der Santé, wat de Cornonavirus ugeet, Evenementer mat iwwer 1.000 Leit ze vermeiden, hu mer natierlech och bei der Lëtzebuerger Fussballfederatioun nogefrot, wéi et do mat méiglechen Ofsoen, oder Matcher a huis clos ausgesäit.
Den Weekend ass jo zum Beispill den Escher Derby tëscht der Fola an der Jeunesse. Den FLF-President Paul Philipp huet eis géigeniwwer gesot, datt een d’Recommandatioun eescht hëlt. Si géifen um Ball bleiwen, well et all Dag nei Momenter géife ginn. Éischtens hätt een awer d’Chance, datt dobausse gespillt géif ginn, an Zweetens bei deene meeschte Matcher hei am Land, mat 300 bis 400 Leit an der frëscher Loft, den Aussoe vun den Instanzen no dat ok wär.

“Ech sinn a priori favorabel, datt mir d’Frëndschaftslännermatcher Enn Mäerz op Zypern an a Montenegro spille ginn”, dat sot de Lëtzebuerger Futtballnationalspiller am Kontext vum Coronavirus.